E Méindeg fänkt a Brasilien d'COP30, also déi 30. Weltklimakonferenz un. An deenen nächste knapp zwou Woche komme Vetrieder vu bal 200 Staate beieneen.

Fro an Äntwert: Ëm wat geet et zu Belém op der Weltklimakonferenz?

Firwat gëtt dann iwwerhaapt all Joer eng Weltklimakonferenz organiséiert a wat ass dee gréissten Enjeu?

Déi éischt Weltklimakonferenz gouf et am Joer 1979, déi gouf deemools vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie zu Genf organiséiert. Den Haaptmessage deemools war deen, datt, wann d'Mënschheet weider op fossil Energië setzt an de Bësch zerstéiert, de Kuelendioxid an der Atmosphär massiv an d'Luucht geet. Dat kënnt engem jo och haut nach iergendwéi kënneg vir. Et huet du bis 1995 gedauert, bis d'Vereenten Natiounen déi éischt COP, wat d'Ofkierzung vu "Conference of Parties" ass, zu Berlin organiséiert hunn. An eleng de Fait, datt et déi Weltklimakonferenz schonn esou laang gëtt, weist, firwat se all Joer organiséiert gëtt. D'Thematik ass scho laang bekannt, ma sou ganz vill huet sech jo awer nach net gedoen. A sou ass den Haaptenjeu dëst Joer och net, nei Ziler ze definéieren, mee konkret Mesuren en place ze setzen, fir déi Ziler, déi et scho gëtt, z'erreechen. Do soll am Fong all Land een Aktiounsplang ausschaffen, ma op ville Plaze schleeft dat awer. Déi Mesure, déi bei dëser COP wuel am meeschten ervirstécht, ass d'Schafe vun engem Fong, dee fir de Schutz vun den Tropebëscher genotzt soll ginn. Et geet vun 125 Milliarden Dollar rieds, 25 Milliarde solle vun de Länner an 100 Milliarde vu privaten Investisseure kommen. All Joer géing da gekuckt ginn, wéi eng Länner hir Tropebëscher erhalen hunn a wéi eng net. Déi "gutt Schüler" kréichen da Suen aus dem Fong an déi "schlecht Schüler" missten eng Strof bezuelen. Dat soll mat der Hëllef vu Satellittebiller kontrolléiert ginn.

Gouf et am Virfeld vun der COP30 schonn éischt positiv Signaler?

Op Initiativ vum brasilianesche President Lula da Silva gouf d'lescht Woch ee Klimasommet mat méi wéi 50 Länner organiséiert. Dono gouf eng breet  Ënnerstëtzung fir de Fong signaliséiert. Norwegen huet zum Beispill annoncéiert, an deenen nächsten 10 Joer dräi Milliarden Dollar wëllen anzebezuelen, Brasilien an Indonesien hu jee eng Milliard a Frankräich huet 500 Milliounen Dollar versprach. Däitschland wëllt sech och um Fong bedeelegen, ouni datt bis elo awer eng konkret Zomm genannt gouf.

Net all d'Länner fannen de Kampf géint de Klimawandel d'selwecht wichteg?

Nee, do si virop d'USA ze nennen, déi ënnert dem President Donald Trump jo nees aus dem Paräisser Klimaaccord ausgetruede sinn. D'USA schécken dann och keng héichrangeg Vertrieder op Belém. Ma wann ee vum Paräisser Klimaaccord schwätzt, da muss een och d'Roll vun der Europäescher Unioun hannerfroen. Virun 10 Joer hat ee sech an der franséischer Haaptstad dorobber gëeenegt, datt d'Äerd sech par rapport zum virindustriellen Zäitalter net ëm méi wéi 1,5 Grad erwierme soll. Am Virfeld vun der COP30 goufe sech d'EU-Staaten eens, fir den Ausstouss vun Zäregase bis 2040 ëm 90 Prozent par rapport zum Joer 1990 ze reduzéieren. Vun 2036 u kënnen awer maximal 5 Prozent Emissiounen doduerch agespuert ginn, datt Zertifikater vun Drëttstaate kaaft ginn. Dat heescht, déi 5 Prozent misst d'EU de facto net selwer manner ausstoussen. Schonn 2031 leeft ee Pilotprojet fir den Handel mat den Zertifikater un, déi awer nach net bei de Klimaziler ugerechent ginn.* Zur Wouerecht gehéiert awer och, datt d'EU am Joer 2023 beim Ausstouss vun Zäregaser zwar weltwäit op der véierter Plaz louch, ma awer grad emol fir 6 Prozent vun den Emissioune responsabel war.

Wéi steet Lëtzebuerg zum Kampf géint de Klimawandel?

D'Regierung gëtt sech zimmlech pragmatesch. Sou ënnersträicht een am Ëmweltministère, d'Bedeitung vun engem grénge Wuesstem fir eng nohalteg Zukunft. Et wier awer gläichzäiteg wichteg, datt d'Entreprisen eng gewëss Planungssécherheet hunn. De Staat géing dann och kucken, d'Steiergelder net just blann ze investéieren, mee do, wou se der Lëtzebuerger Ekonomie, virop der Finanzplaz, eppes bréngen. Am Géigesaz zu anere Länner stéing Lëtzebuerg a Saache Klimaschutz op alle Fall net op der Brems.

D'Weltklimakonferenz fänkt e Méindeg un a soll bis den 21. November daueren.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hat et geheescht, datt vun 2031 un duerch den Handel mat Zertifikater 5 Prozent vun den Emissioune kéinten agespuert ginn.