Millioune Flüchtlinge vun Auswierkunge vum Klimawandel betraff
Flüchtlingscamp op Haiti / © AFP
D'UN-Flüchtlingshëllefswierk (UNHCR) warnt virun den drasteschen Auswierkunge vum Klimawandel op Millioune Refugiéen op der ganzer Welt.
Mëtt 2025 hätt et weltwäit 117 Millioune Leit ginn, déi viru Kricher, Gewalt oder enger anerer Aart vu Verfollgung geflücht waren, huet den UNHCR-Chef Filippo Grandi e Méindeg erkläert. Dräi Véierel vun deene Leit géingen a Länner liewen, an deenen d'Suitte vum Klimawandel besonnesch drastesch ze spiere sinn.
Déi Betraffen hätte schonn "enorm Verloschter" erlieft, huet de Grandi am Kader vun der Publikatioun vum UNHCR-Rapport fir den Optakt vun der Weltklimakonferenz erkläert. Duerch de Klimawandel stéinge si op en Neits virun änleche "Schwieregkeeten a Verwüüstung". Millioune Flüchtlinge wiere vun "extreemer Dréchent, déidlechen Iwwerschwemmungen an Hëtztwellen" betraff, gläichzäiteg kéinte si sech am mannsten do virdru schützen. "Wiederextreemer zerstéieren Haiser a Liewensgrondlagen an zwénge Familljen, déi scho viru Gewalt geflücht sinn, op en Neits zur Flucht".
An de leschten zéng Joer goufen dem UNHCR no scho ronn 250 Millioune Leit duerch wiederbedéngt Katastrophe bannent engem Land verdriwwen.
D'Flüchtlingshëllefswierk geet ausserdeem dovun aus, datt déi Länner, an deenen aktuell bal d'Hallschent vun de Flüchtlinge liewen, an den nächste 15 Joer extreem Suitte vum Klimawandel erliewe wäerten. Déi 15 Flüchtlingscampen, déi an den aktuell wäermste Weltregioune leien - dorënner afrikanesch Länner wéi Eritrea, Äthiopien a Senegal - géingen 2050 bal 200 extreem Hëtztdeeg am Joer erliewen. D'UNHCR warnt virun enger "déidlecher Kombinatioun" aus extreemer Hëtzt an héijer Fiichtegkeet, déi dës Plaze warscheinlech "onbewunnbar" maachen.