Den Inselstaat am Pazifik kritt sech net erholl. Fir d'Rettungsekippen ass d'Lag wéinst den uergen Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen net evident.

E puer Deeg nodeems den Taifun Kalmaegi op d'mannst 224 Doudesaffer op de Philippinnen gefuerdert hat, ass e Sonndeg den nächsten uerge Stuerm iwwert den Inselstaat am Pazifik gezunn. Beim sougenannte Super-Taifun Fung-wong goufen aktuell nees op d'mannst zwee Doudesaffer gemellt an iwwer eng Millioun Awunner hu missen evakuéiert ginn. Am Zentrum vum Stuerm goufe Wandvitesse vun iwwer 220 km/h gemooss. Fir d'Rettungsekippe war den Asaz um Sonndeg wéinst den iwwerschwemmte Stroossen an dem ville Reen net méiglech. Déi genee Envergure vun der Zerstéierung ass dowéinst nach net gewosst.

"Vill Haiser sinn zerstéiert an e puer Haapt-Verkéiersstroosse kënne wéinst Äerdrutschen net méi genotzt ginn", sou ee Member vun der Rettungsekipp an der nordëstlecher Stad Dipaculao vis-à-vis vun der AFP, wou et zanter dem Taifun ëmmer nach kee Stroum gëtt. A ville Regioune vum Land, dorënner och an der Haaptstad Manille, bleift d'Lag weider oniwwersiichtlech. Schoulen a weider ëffentlech Ariichtunge bleiwen dowéinst aktuell zou.

De Super-Taifun Fung-wong zitt elo weider a Richtung Taiwan, wou en dem nationale Wiederdéngscht no awer ofgeschwächt ukomme soll.