Am US-Senat hunn Demokraten a Republikaner sech op eng Propos gëeenegt, déi de Finanzement vun de Regierungsdepensë bis Enn Januar garantéiere kéint.

"Et gesäit esou aus, wéi wa mir dem Enn vum Shutdown ganz no kommen", sot den US-President Trump mat Bléck op d'Eenegung vun den Deputéierten, déi an engem Test-Vott confirméiert gouf.

Ganz sécher ass d'Enn vum Shutdown domat dann awer net: Elo muss de Senat d'Eenegung nach final confirméieren, éier dann nach d'Representantenhaus dem Kompromëss zoustëmme muss. Dono muss den Donald Trump nach ënnerschreiwen. Bis datt alles duerch ass, kéint et Deeg daueren.

Well sech d'Republikaner an d'Demokraten net op en Iwwergangsbudget eenege konnten, gëllt an den USA zanter dem 1. Oktober e Shutdown – dee bis elo längsten an der Geschicht vun den USA. D'Demokrate fuerderen zousätzlech Sue fir aarm Leit, där hir Krankeversécherung um Enn vum Joer op der Kipp steet.

Honnertdausende Mataarbechter vun US-Autoritéite ginn zanter dem Shutdown net méi bezuelt. Vill staatlech Servicer goufen annuléiert oder zréckgefuer. Ënnert anerem de Liewensmëttelprogramm Snap, dee vun 42 Millioune Leit genotzt gëtt, gouf ausgesat. Duerch de Kompromëss vum Senat soll de Programm nees opgeholl ginn. Donieft géing d'Entloossung vun dausende Mataarbechter réckgängeg gemaach ginn.