Trump trëfft neie Buergermeeschter vun New York
© ANGELA WEISS / AFP
Den US-President ass der Demande vum Zohran Mamdani nokomm, léisst et sech awer net huelen, weider géint den Demokrat auszedeelen.
Den Donald Trump wëllt e Freideg den designéierte Buergermeeschter vun New York Zohran Mamdani am Wäissen Haus empfänken. Politesch sti se wäit auserneen an hate virun dëser Renconter méintelaang géinteneen ausgedeelt. D'Treffen am Oval Office kéint als Versuch gedeit ginn, sech méi no ze kommen. Zanter dem Mamdani senger Victoire am Walkampf huet den Trump ugefaangen, verschidde Punkten aus dem Demokrat sengem Walkampf, dorënner méi moderat Liewenskäschten zu New York, gutt ze heeschen.
Dem Mamdani seng Spriecherin huet erkläert, et wier "üblech", dass den designéierte Buergermeeschter vun New York vum US-President empfaange gëtt. Den Demokrat, deen am Januar säin Amt wäert ugoen, huet wëlles, mam Trump iwwer "ëffentlech Sécherheet, wirtschaftlech Stabilitéit a manner héich Liewenskäschten ze schwätzen, fir déi virun zwou Wochen iwwert eng Millioun New Yorker ofgestëmmt hunn".
Méintelaang hat den Trump de Mamdani attackéiert an him virgehäit, hie géif seng Heemechtsstad ruinéieren, falls de selwer ernannten demokratesche Sozialist gewielt géing ginn. Hien hat ausserdeem domat gedreet, de Mamdani, deen an Uganda gebuer a réischt 2018 US-Staatsbierger ginn ass, auszeweisen, a sämtlech Mëttele fir d'Stad ofzezéien.
An awer kann den Donald Trump et net loossen, géint de Zohran Mamdani ze picken. Dat beweist seng Annonce op de Soziale Medien, an där hien den neien NY-Buergermeeschter alt nees als "Kommunist" bezeechent.