Trump ënnerschreift Gesetz iwwer Publikatioun vun Epstein-Akten
© Photo by BRYAN DOZIER / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP
No laangem Widderstand huet den US-President e Gesetz ënnerschriwwen, wouduerch d'Akten an der Affär ëm de Sexualverbriecher solle publizéiert ginn.
Den Trump huet d'Ënnerschrëft e Mëttwoch op senger Platform Truth Social bekannt ginn, dat nodeems den Drock aus dem Kongress an de leschte Woche weider zougeholl hat.
Dat neit Transparenzgesetz gesäit vir, datt d'Justizministesch Pam Bondi bannent 30 Deeg "all Opzeechnungen, Dokumenter a Kommunikatiounen, déi net als geheim klasséiert sinn" am Epstein-Fall verëffentleche soll. Dat gëllt och fir Material vum FBI a vun de Procureuren.
Onkloer bleift awer, wéi vill méi de Public lo soll gewuer ginn, vue datt vill Informatiounen awer wéinst lafenden Ermëttlunge kéinten zréck gehale ginn.
Den US-Kongress hat e Méindeg scho gréngt Luucht fir d'Publikatioun vun den Epstein-Akte ginn. Den Trump hat Méint laang probéiert, de Vott am Kongress ze verhënneren. Eréischt e Sonndeg huet hien, wéinst staarkem Drock, seng Positioun geännert an de Republikaner eng Zoustëmmung recommandéiert.
An engem Bäitrag op Truth Social huet den Trump e Mëttwoch d'Demokraten nees beschëllegt, d'Wourecht verstoppt ze hunn. Den US-President hat och e Freideg schonn ugekënnegt, an deem Kontext Ermëttlunge géint den Ex-President Bill Clinton an de fréiere Finanzminister Larry Summers ze lancéieren.
Den Ermëttlungen no huet den Epstein iwwer Jore mannerjäreg Meedercher a jonk Frae mëssbraucht a se u Prominenter vermëttelt. 2019 ass hien dout a senger Prisongszell zu New York fonnt ginn – d'Autoritéite waren dovun ausgaangen, datt hie sech selwer d'Liewe geholl huet.
Vill US-Bierger huelen awer un, de fréieren Investor wier ermort ginn, fir ze verhënneren, datt hie géint Prominenter aus géing soen. Eng grouss Majoritéit ënnerstëtzt duerfir d'Publikatioun vun den Akten.
Och dem Trump gëtt virgeworf, déi ganz Ermëttlung wëllen ze vertuschen, dat well hie selwer wärend Joren enke Kontakt mam Sexualverbriecher hat. D'Epstein-Affär ass duerfir ee vun de wéinege Sujeten, bei deenen e groussen Deel vun der soss loyaler Basis géint den Trump steet.