Am Laf vum Joer 2024 ass all 10 Minutten eng Fra op der Welt vun enger Persoun, déi hir no stoung, ëmbruecht ginn.

Iwwer 50.000 Fraen a Meedercher sinn esou Affer vun engem Femizid ginn Déi Zuel nennt d’UNO haut am Kader vum Weltdag géint Gewalt géint Fraen, dem sougenannten Orange day.

Dofir wieren Daten aus 117 Länner op der Welt analyséiert ginn. A 60 Prozent vun alle Fäll war de Partner oder en direkten Member vun der Famill den Täter. Besonnesch dacks komme Femiziden an afrikanesche Länner vir.

Den Orange day ass all Joer de 25. November a gëllt als Startpunkt fir d'Orange Week, respektiv fir déi sougenannt 16 Deeg vun Aktivismus géint genderbaséiert Gewalt. Dëst Joer ass d'Thema vum Orange day "Orange the World: Fund, Respond, Prevent, Collect", wat iwwersat esou vill bedeit wéi "Maach d'Welt orange: Finanzéieren, Reagéieren, Verhënneren, Sammelen". Den Ursprong vum Orange Day geet op 2008 zeréck, wéi d'UNO d'Campagne "Unite to end violence against women" - also "Zesummen, fir d'Gewalt géint d'Fraen op en Enn ze bréngen" - lancéiert huet. D'Faarf Orange steet fir d'Hoffnung an Optimismus.