Dee Projet soll bis Enn 2026 ëmgesat ginn, wann ee bei eisem franséischen Noper gréng Luucht vun der Konkurrenz-Autoritéit géing kréien.

Auchan kämpft mat Rentabilitéitsproblemer. "Intermarché" an "Netto" gehéieren zum Groupement "Les Mousquetaires". Déi strateegesch Partenerschaft kéint den Akaf fir all Bedeelegt méi bëlleg maachen. Concernéiert sinn 261 Supermarchéë vun Auchan.

De Grupp Auchan wëll sech elo op seng aner Zorte vu Butteker konzentréieren, dat heescht, déi 117 Hypermarchéen an d'"Auchan Drive" a Frankräich.