Däitsch Police mécht Razzia bei deelweis nach Mannerjäregen
© afp
Perquisitioune goufen et en Dënschdeg an Nordrhein-Westfalen, Niedersachsen an Hessen, sou wéi bei engem Aenzeien a Sachsen-Anhalt, sou d'Autoritéiten.
No honnerte Bomme-Menace, beispillsweis géint Schoulen an Akafszenteren, ass d'Bundeskriminalamt an Däitschland (BKA) géint Membere vun der warscheinlech responsabeler Gruppéierung virgaangen. Déi Beschëllegt, déi wéi gesot nach deelweis mannerjäreg sinn, solle massenhaft E-Maile mat Menace verschéckt hunn, dat op déi ënnerschiddlechst Plazen.
Dem BKA no hunn d'Menacen "an honnerte Fäll" Police-Asätz an Evakuatiounen ausgeléist. 2024 waren ënnert anerem Akafszenteren a Sachsen-Anhalt an an Nordrhein-Westfalen, eng Gare am Saarland, e Gebai vum "Mitteldeutschen Rundfunk" zu Magdeburg, sou wéi Schoulen an aner ëffentlech Infrastrukture betraff. Änlech Dote vun der Gruppéierung goufen et awer net nëmmen an Däitschland, ma och am Nopeschland Éisträich.
Den Ermëttler no waren déi Verdächteg "reng virtuell" aktiv, dat an engem Messenger-Grupp mam Numm "Schweinetreff". Et geet also hei och ëm de Virworf vun der Formatioun vun enger krimineller Gruppéierung. D'Zil vun de Beschëllegte soll eng generell "Veronsécherung stëften" an d'"Freed un der ëffentlecher Opmierksamkeet" gewiescht sinn.
Dem Parquet zu Frankfurt am Main no solle véier männlech Verdächteger tëscht 16 an 23 Joer festgeholl gi sinn. Et handelt sech ëm däitsch Staatsbierger. Indicen op eng politesch Motivatioun bei den Dote géifen et keng ginn, sou d'AFP.