De Regierungschef vum Taiwan Cho Jung-tai huet d'Fuerderung vum chineesesche President Xi Jinping schaarf zeréckgewisen.

"Mir mussen net emol betounen, datt d'Republik China, Taiwan, e vollstännegt souveräänt an onofhängegt Land ass", esou den Cho virum Parlament zu Taipeh. "Fir déi 23 Millioune Mënsche vun eiser Natioun ass en 'Zeréckgoen' keng Optioun, dat ass dach kloer".

Ausléiser fir dës Ausso war en Telefonsgespréich tëscht dem Xi an dem US-President Donald Trump e Méindeg. Doranner hat den Xi erkläert, datt "d'Zeréckkomme" vun Taiwan u China eng zentrale Bestanddeel vun der Visioun vu Peking fir d'Weltuerdnung wier. Den Trump hat an engem Bäitrag op senger Online-Plattform Truth Social iwwer Fortschrëtter bei den Handelsgespréicher geschwat, d'Thema Taiwan hat hien awer net erwäänt.

Déi demokratesch gewielt Regierung zu Taipeh leent d'Positioun vu China of. Si wërft Peking vir, d'Fakte vum Zweete Weltkrich ze verzerren.