Dem franséische President no wier et d'Decisioun vun Europa, wat mat de russesche Verméige geschitt, déi d'europäesch Staaten agefruer hunn.

Kuerz virun enger Videokonferenz vun der "Koalitioun vun de Volontairen" fir d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain huet de franséische President Macron Pläng vun den USA fir d'Notzung vu russesche Verméigen zréckgewisen. "D'Europäer sinn déi eenzeg, déi decidéieren, wat mat den an Europa agefruerene russesche Verméige geschitt", esou de Macron an engem Interview mam franséischen RTL.

D'Propos vun de Vereenegten Natioune géing ënnert anerem virgesinn, dass 100 Milliarden Dollar vun agefruerene russesche Verméige fir Opbauprojeten an Investissementer an der Ukrain ënnert dem Lead vun den USA genotzt solle ginn. D'Hallschent vun de Gewënner sollten un d'USA goen.

Donieft huet de Macron betount, datt d'Ukrain d'Recht hätt, eleng iwwer méiglech Deplacementer vu Grenzen ze decidéieren. "Kee kann amplaz vun der Ukrain soen, zu wéi engen territorialen Zougeständnesser si bereet sinn", sot de Macron.

Doriwwer eraus kéim et net a Fro, d'Ukrain falen ze loossen. "Dat géing bedeiten, Russland géigeniwwer Schwächt ze weisen", sou de Macron weider. Russland géing en Drëttel vu sengem Budget an d'Verdeedegung a Rëschtungsgidder investéieren, "fir si un d'ukrainesch Front ze schécken oder an Zukunft eis ze menacéieren, falls mir eis schwaach weisen".

De President huet annoncéiert, dass hien den nationalen Déngscht a Frankräich, deen eigentlech fir all jonk Mënsche verflichtend sollt sinn, "ëmforme" wéilt. Dobäi géing et net drëm, "eis jonk Mënschen an d'Ukrain ze schécken", huet hie betount. Mat enger neier Form vun der militärescher Grondausbildung, déi zéng Méint dauere soll a bezuelt ass, sollen déi franséisch Truppe laangfristeg opgestockt ginn. Zanter 1997 gëtt et kee Militärdéngscht méi a Frankräich.