Trump klasséiert President Maduro an Alliéiert als "Terrororganisatioun"
Den Nicolás Maduro / © Juan Barreto / AFP
Neien Ament am Konflikt tëscht den USA a Venezuela: D'USA hunn de President Maduro a seng Alliéiert als Member vun enger "Terrororganisatioun" klasséiert.
Viséiert ass de sougenannten "Cartel de los Soles." Domadder ass keng richteg kriminell Band gemengt, mä den Nicolás Maduro a presuméiert korrupt Offizieller a Venezuela. Zwar géing d'Opnam vum Maduro an d'US-Lëscht vun internationalen Terrororganisatiounen den Asaz vu militärescher Gewalt net direkt erlaben, ma trotzdeem de Wee fir méi aggressiv Mesuren opmaachen, dorënner Militäroperatiounen.
Zanter Woche scho ginn et déidlech US-Attacken op presuméiert Drogebooter virun der Küst vu Venezuela. D'Amerikaner hunn och hir Militärpresenz an der Regioun massiv verstäerkt. Alles fir de Kampf géint d'Droge-Kriminalitéit, heescht et vu Washington.
De lénksnationalistesche Maduro fäert, datt d'USA säi Regime a Venezuela wëlle stierzen. Duerch de Stopp vu Flich iwwer Venezuela an d'Ofschottung vum Land erhéijen d'USA den Drock op de Regime ëmmer méi.