Riichterin weist Plaintë vum Donald Trump géint Comey an James of
Et ass eng weider juristesch Néierlag fir den aktuellen US-President Donald Trump.
Eng Bundesriichterin huet déi vum Trump eragereechte Klo géint de fréiere Chef vum FBI James Comey an d'Procureur vun New York Letitita James ofgeleent. De Comey an d'James hate jo ëmmer vun enger "Revanche" vum US-President geschwat, well béid géint den Donald Trump ermëttelt hunn. Si hu sech erliichtert iwwert d'Decisioun gewisen. D'Justizministesch Pam Bondi huet awer annoncéiert, datt si an Appell wéilt goen.
De 64 Joer ale Comey huet d'Ofweise vun der Klo als en Zeeche bezeechent, "datt de President vun den USA de Justizministère net ausnotze kann, fir seng politesch Géigner an d'Viséier ze huelen". Hien huet all d'US-Bierger opgeruff, sech fir de Rechtsstaat anzesetzen. De fréier Chef vum FBI gëllt als ee vun den Haaptgéigner vum Trump. De Comey hat zu enger presuméierter Amëschung vu Russland bei de Presidentielle virun der éischter Amtszäit vum Donald Trump ermëttelt a war doropshi vum Republikaner an deem senger éischter Amtszäit am Mee 2017 entlooss ginn.
Déi 67 Joer al Letitia James, déi als Procureur vun New York schafft, hat dem Trump seng Beschëllegungen als "ouni Beweiser" bezeechent an hat erkläert, si géif weider "ouni Angscht bleiwen". D'James hat géint den Trump ermëttelt, well dëse d'Verméigenswäerter vu senger Immoblienholding soll besser duergestallt hunn, wéi se waren.
Enn September hat den Trump de Justizministère opgeruff, seng politesch Géigner unzekloen. D'Uklo hat dem Comey doropshin ënner anerem Falschaussoe virum Kongress virgeworf. Bei der James ware si op Bankbedruch aus.
D'Bundesriichterin Cameron McGowan Currie huet elo awer decidéiert, datt d'Procureur Lindsey Halligan, déi vum Justizministère op d'Fäll ugesat gouf, net rechtméisseg ernannt gi wier. Dowéinst hätt si net de gesetzleche Pouvoir gehat, fir d'Uklo anzereechen. D'Currie huet betount, datt d'Halligan eng "fréier Mataarbechterin vum Wäissen Haus wier, déi keng Erfarung als Procureur hätt".
De Justizministère hat déi fréier Affekotin vum Donald Trump am Schnellverfare mat der Uklo beoptraagt, obwuel si eigentlech op Versécherungsrecht spezialiséiert ass. Si huet de Procureur d'état Erik Siebert ofgeléist, deen d'Ermëttlunge vu sech aus als onbegrënnt zeréckgewisen hat an dowéinst zeréckgetrueden ass.
En aner Bundesriichter hat déi lescht Woch schwéier inhaltlech "Ermëttlungsfeeler" am Verfare géint de Comey festgestallt. D'Procureur ouni Erfarung hat d'Situatioun vum Gesetz falsch duergestallt, sot de Riichter William Fitzpatrick.
D'Riichterin Currie huet dem Justizministère awer u sech d'Méiglechkeet ginn, fir eng nei Uklo géint déi zwee Trump-Géigner anzereechen. Am Fall vum Comey war awer d'Verjärung fir déi ursprénglech Virwërf Enn September ofgelaf.
D'Justizministesch Pam Bondi hat awer annoncéiert, "all méiglech rechtlech Schrëtter" anzeleeden. Dozou gehéier och, an Appell ze goen, esou datt de Comey an d'James "zur Rechenschaft" gezu ginn.
Observateuren halen et fir méiglech, datt béid Fäll virum ieweschte Geriichtshaff landen. Am Supreme Court hunn déi konservativ Riichter d'Majoritéit. Den ieweschte Geriichtshaff hat dem Trump an enger Rei ëmstridde Fäll Recht ginn.
Och dem Trump säi fréiere Sécherheetsberoder John Bolton ass an d'Viséier vun der Justiz geroden. D'Uklo wërft him vir, geheim Informatiounen illegal weiderginn ze hunn. De Bolton war wärend dem Trump senger éischter Amtszäit vun 2018 bis 2021 den Nationale Sécherheetsberoder a gouf méi spéit zum Kritiker vum Rietspopulist.