Am Kader vun den Ermëttlunge ëm e mysteriéise Véierfachmord an de franséischen Alpe gouf elo eng éischt Persoun verhaft.

Den 48 Joer ale Mann, deen am Frankräich lieft, passt op d'Phantombild vun engem Motorradfuerer deen Zeie gesinn haten.

Virun 1,5 Joer waren no bei Annecy 4 Läichen op engem Parking fonnt ginn. 3 englesch Touriste mat irakeschen Originen an e franséische Cyclist waren erschoss ginn.

RTL

Wat war zu Chevaline geschitt?

An engem Auto vun enger britescher Touristefamill goufen op engem Bëschwee 3 Leit dout fonnt, nieft dem Won war och e Cyclist, deen och erschoss gi war. Et gouf op d'mannst 15 mol op d'Leit geschoss an all d'Affer goufe méi wéi 1 mol getraff. Alleguerte krute se och an de Kapp geschoss, wat méi wéi sécher och den déidleche Schoss war.

Bei de Leit am Auto huet et sech ëm e britesche Familljepapp mat irakeschen Originnen an zwou Fraen gehandelt, déi op engem Camping an der Vakanz waren. De Vëlosfuerer war aus der Regioun.

Op der Plaz goufen eng sëlleche Patroune fonnt, déi vun enger automatescher Pistoul stamen. Een anere Cyclist hat d'Läiche fonnt.

2 Meedercher hunn d'Schéisserei iwwerlieft, eent dovunner am Alter vu 4 Joer loung während Stonnen ënnert de Läiche vun de Leit am Auto.

Dat klengt Meedche loung während 8 Stonnen am hënneschten Deel vum Auto, ënnert de Bee vu senger doudeger Mamm. D'Läiche waren nämlech géint 16.00 Auer entdeckt ginn, mä fir d'Spueren ze sécheren, gouf den Auto eréischt géint Mëtternuecht vun den Enquêteuren opgemeet. D'Meedche wier total verstoppt gewiescht an hätt kee Wuert gesot.

Dat anert Meedche war ganz schro blesséiert a louch deeglaang am kënschtleche Koma.