Schreckmoment zu München
Fliger bal mat Drohn kollidéiert
© AFP
Eng Schrecksekonn dierft ee Pilot vun enger Lufthansa-Maschinn en Donneschdeg gehat hunn. De Fliger wier bal mat enger Drohn kollidéiert.
Wéi d'Police vu München e Samschdeg matgedeelt huet, wier de Fliger an enger Héicht vu ronn 1.700 Meter bal an eng Drohn geknuppt. Déi wier just 10 Meter vun engem Flillek ewech derlaanscht geflunn. Wier et zu engem Tëschefall komm, da wier d'Sécherheet vun den 112 Persounen u Bord net méi garantéiert gewiescht.
Ausserdeem wier et verbueden aner Objeten onerlaabt an der Géigend vu Fligeren fléien ze loossen, esou d'Police.
Am meeschte gelies