Eng Fra, déi vun hirem Mann an engem Flüchtlingslogement am däitsche Rüdesheim a Brand gestach gi war, ass e Freideg de Moien un hire Blessure gestuerwen.

Och de Mann selwer war en Donneschdeg beim Feier ëmkomm an 2 weider Leit goufe verwonnt.

D'Autoritéite gi vun engem Bezéiungsdrama aus.