
Wéi et vun der japanescher Meteorologie-Agence heescht, hätt d’Biewen eng Stäerkt vu 7,4 op der Richterskala gehat. Den Epizenter lit deemno am Pazifik, am Norde vun der Präfektur Iwate. Eng Tsunami-Warnung gouf erausginn, et sinn deemno Welle mat enger Héicht vu bis zu dräi Meter méiglech.
Der Noriichtenagence AFP no wier d’Biewen esou staark gewiescht, datt och gréisser Gebaier an der Haaptstad Tokio, honnerte Kilometer weider gewackelt hätten. Eng gutt hallef Stonn nom Biewe wier iwwerdeems eng éischt Tsunami-Well vu ronn 80 Zentimeter op en Hafen am Norde vum Land getraff.
An enger Warnung vun den Autoritéiten un déi concernéiert Populatioun heescht et, d’Leit sollte sech direkt a Sécherheet bréngen, besonnesch wann een a Küsteregiounen oder bei Flossgebitter wunnt, am beschten op eng erhéichte Plaz.