Kämpf ëm PalmuelegplantagenOp d'mannst 25 Doudeger bei zwou Attacken am Honduras

AFP, iwwersat vun RTL
D'Kämpf ëm d'Palmuelegplantagen am Honduras hunn en Donneschdeg op d'mannst 25 Liewe gefuerdert.
Zaldoten a Polizisten no den Attacken an der Géigend vun Trujillo den 21. Mee 2026.
Zaldoten a Polizisten no den Attacken an der Géigend vun Trujillo den 21. Mee 2026.
© STRINGER/AFP

Bei enger Attack an enger ländlecher Regioun am Norde vun Honduras sinn op d'mannst 19 Leit ëm d'Liewe komm. D'Attack war den Autoritéiten no am Duerf Rigores, wou arméiert Gruppen, déi sech géigesäiteg ugräifen, zwou Palmuelegplantagë besat hunn.

De Spriecher vum Parquet sot dem Fernseesender HCH, datt d'Autoritéiten op zwou verschiddene Plazen am Asaz wieren. Op enger Plaz wieren 13 Doudeger fonnt ginn, op der anerer sechs. Wéi et vum Sécherheetsminister Gerzon Velásquez heescht, wieren d'Affer - Baueren - wuel mat grousskalibrege Waffe wéi Gewierer erschoss ginn. Net wäit vun der Stad Trujillo ewech kämpfe schonn zanter Jore kriminell Banden ëm d'Kontroll vun de Plantagen an Drogeweeër.

Donieft koum et en Donneschdeg an enger anerer Regioun vum mëttelamerikanesche Land zu Kämpf tëscht Polizisten a presuméierten Drogenhändler. Dobäi sinn den Autoritéiten no véier Polizisten an een Zivilist ëm d'Liewe komm.

Eréischt virun e puer Deeg hat d'Parlament vun Honduras eng Rei Reformen am Kampf géint déi héich Kriminalitéit decidéiert. Dës erlaben den Asaz vun Zaldote fir de Schutz vun der ëffentlecher Sécherheet. Donieft kënne Banden an Drogekarteller als terroristesch Gruppe klasséiert ginn. Honduras huet e Mordtaux pro Joer vu méi wéi 24 op 100.000 Awunner.

Back to Top
CIM LOGO