No Fligerongléck am Joer 2009Air France an Airbus wéinst Homicide involontaire verurteelt

RTL mat AFP
Viru knapp 17 Joer ware beim Fligerongléck mam Vol AF447 228 Leit ëm d'Liewe komm.
Deeler vum verongléckte Fliger
Deeler vum verongléckte Fliger
© HANDOUT/AFP

Zu Paräis huet en Donneschdeg e Geriicht Air France an Airbus am Appellsgeriicht wéinst Homicide involontaire (Fahrlässige Tötung) schëlleg gesprach. D'Entreprisë wieren ""eleng komplett verantwortlech", sou d'Riichter en Donneschdeg. D'Geriicht huet d'Fluchentreprise an de Fligerkonstrukteur zur Héchststrof vu jeeweils 225.000 Euro verurteelt. Souwuel Air France wéi och Airbus hunn annoncéiert, géint d'Urteel an Appell ze goen.

Beim Fligerongléck 2009 op der Streck tëscht der brasilianescher Metropol Rio de Janeiro an der franséischer Haaptstad Paräis waren insgesamt 228 Leit ëm d'Liewe komm. D'Maschinn vum Typ A330-203 war an der Nuecht op den 1. Juni iwwer dem Atlantik erofgefall. D'Iwwerreschter vum Fliger an d'Blackbox goufen eréischt zwee Joer méi spéit an enger Déift vu knapp 4.000 Meter fonnt.

An éischter Instanz waren Air France an Airbus fräigesprach ginn. An der Begrënnung vum Appellsprozess huet et elo geheescht: "Den Accident vum Fluch AF447 war eng Katastroph mat Uso, déi hätt verhënnert kënne ginn."

D'Geriicht huet Airbus fir schëlleg erkläert, well d'Entreprise technesch Problemer mat de sougenannte Pitot-Sonden ënnerschätzt an déi betraffe Fluchgesellschaft net informéiert hat. Air France dogéint ass schëlleg gesprach ginn, well d'Fluchentreprise der Usiicht vum Geriicht no hir Piloten net genuch op méiglech Problemer virbereet hätt.

Back to Top
CIM LOGO