
Israel huet all auslännesch Participantë vun der leschter Gaza-Hëllefsflott ausgewisen, wéi et vum israeeleschen Ausseministère en Donneschdeg heescht. Déi éischt vun hinne sinn um fréien Owend zu Istanbul ukomm. D'Tierkei hat virdrun annoncéiert, dräi Fliger an Israel ze schécken, fir d'Aktivisten auszefléien. Ënnert hinnen och zwee Lëtzebuerger Residenten.
AFP-Reporter no war en éischte Fliger um internationale Fluchhafen zu Istanbul gelant. Eng Mass u Leit hätt d'Aktiviste mat palästinensesche Fändelen am VIP-Terminal begréisst. "Mir goufe gefoltert, mir goufe geschloen, mir goufen an internationale Gewässer festgeholl, mä mir wäerten net opginn. Mir wäerten zréck goen", huet ee vun den Aktiviste geruff, wärend d'Leit him applaudéiert hunn.
Zwou weider Maschinnen, fir d'Aktivisten zréckzehuelen, sollen nach op de Fluchhafe Ramon an der Géigend vun Eilat am Süde vun Israel fléien. Den tierkeschen Ausseminister Hakan Fidan hat virdru matgedeelt, datt dräi Charter-Fligeren aus der Tierkei mat enger Capacitéit vun "iwwer 400 Passagéier" um Wee op Ramon wieren. Am Ganze sollte 422 Participante vun der Hëllefsflott an d'Tierkei geflu ginn. Ënnert hinnen och déi zwee Lëtzebuerger Residenten.