Ukrain-KrichTrump: USA schécke 5.000 weider Zaldoten a Polen

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Donald Trump op enger Pressekonferenz.
Den US-President Donald Trump op enger Pressekonferenz.
© SAUL LOEB/AFP

Den US-President Donald Trump huet dem Nato-Partner Polen eng weider militäresch Ënnerstëtzung an Aussiicht gestallt. "Ech freeë mech, bekannt ze ginn, datt d'Vereenegt Staate 5.000 zousätzlech Zaldote schécke wäert", sou den Trump op sengem Onlinedéngscht Truth Social. Als Begrënnung huet hie seng gutt Bezéiung mam polnesche President Karol Nawrocki genannt.

Viru knapp zwou Wochen hat den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth ordonéiert, datt ronn 5.000 Zaldoten aus Däitschland ofgezu ginn. Polen hat duerno Bereetschaft gewisen, fir méi US-Zaldoten opzehuelen.

Back to Top
CIM LOGO