
Den 10. Juni ass de portugiseschen Nationalfeierdag. Um "Dia de Portugal, de Camões e das Comunidades Portuguesas“ gëtt virun allem Portugal selwer gefeiert, déi portugisesch Kultur, Identitéit a Gemeinschaft.
De portugisesche President feiert ëmmer ronderëm de Nationalfeierdag mat der Diaspora an anere Länner. Dëst Joer kënnt de Staatschef an de Grand-Duché vum 6. op de 7. Juni.
Et ass déi éischte Kéier, wou den neie President António José Seguro op Lëtzebuerg kënnt.
Grad zu engem fir déi portugisesch Communautéit wichtegen Zäitpunkt.
De 64 Joer ale Portugis gouf de 9. Mäerz als President vereedegt. Am zweeten Tour vun de Wale konnt sech de sozialistesche Kandidat géint den André Ventura vun der rietspopulistescher Chega Partei duerchsetzen.
Bei esou Visitte kommen dacks och Vertrieder aus der Regierung mat, déi portugiseschsproocheg Zeitung Contacto huet geschriwwen, dass och de portugisesche Premier mat op Lëtzebuerg kënnt.
Eng offiziell Bestätegung krute mir bis elo net an och keng zousätzlech Detailer zum geplangte Besuch zu Lëtzebuerg.