Iran Human Rights a weider Aktiviste mellenAm Iran goufen et 2025 sou vill Hiriichtungen, wéi zënter 1989 net méi

AFP, iwwersat vun RTL
Déi meeschten Hiriichtunge géifen den Aktivisten no am Prisong duerchgefouert ginn. 11 Persoune goufen 2025 ëffentlech higeriicht, dat sinn der dräi Mol sou vill wéi 2024.
© MARTIN LELIEVRE/AFP

Am Iran sinn zejoert op d’mannst 1.639 Leit higeriicht ginn. Dat wieren 68% méi Hiriichtunge wéi am Joer 2024, deemools sinn 975 Leit vun iraneschen Autoritéiten higeriicht ginn. Dat erklären “Iran Human Rights” (IHR) mat Sëtz an Norwegen an “Togehter Against the Death Penalty” (ECPM) e Méindeg. Wéi et weider säitens de Mënscherechtsorganisatiounen heescht, wier dat déi héchsten Zuel un Hiriichtungen am Iran zënter 1989.

An hirem gemeinsame Joresrapport betounen d’Organisatioune weider, dass dës Zuelen en “absolutte Minimum” géife representéieren, well vun de meeschten Hiriichtungen net an offizielle Medie bericht gëtt. Vill Doudesurteeler ginn aus politesche Grënn ausgeschwat, déi meeschte goufen allerdéngs no enger Verurteelung wéinst Drogendelikter ausgefouert.

Soll déi Islamesch Republik “déi aktuell Kris iwwerstoen, besteet déi eescht Gefor, dass Hiriichtungen nach méi staark als Instrument vun Ënnerdréckung a Repressioun agesat ginn”, heescht et weider am Bericht vun IHR an ECPM. D’Organisatioun warnt doriwwer eraus, dass “Honnerten inhaftéiert Demonstranten”, déi am Januar 2026 géint d’Regierung op der Strooss waren, elo fäerte mussen, higeriicht ze ginn. Ënnert de Leit, déi 2025 higeriicht goufen, sinn och op d’mannst 48 Froen dobäi, also e Plus vu 55% par Rapport zu 2024. 21 vun den 48 Fraen, déi d’Doudesstrof kruten, sollen hire Mann oder Verloobten ëmbruecht hunn.

Déi meeschten Hiriichtunge géifen den Aktivisten no am Prisong duerchgefouert ginn. 11 Persoune goufen 2025 ëffentlech higeriicht, dat sinn der dräi Mol sou vill wéi 2024. Déi allermeeschten Hiriichtunge gi per Stréck duerchgefouert. Am Ganzen hunn 2025 just a China méi Leit den Doud iwwert eng Hiriichtung fonnt, wéi am Iran.

Back to Top
CIM LOGO