Satellitten-Technologie aus LëtzebuergBei Naturkatastrophe Kommunikatioun méiglech maachen

Pierre Weimerskirch
OQ Technology ass eng Lëtzebuerger Satellite-Firma mat Sëtz zu Leideleng. D’Firma huet sech op direkt Kommunikatioun tëscht Satellitten an techneschen Apparater spezialiséiert.
De 15. Juli 2021 hu vill Mënschen am Ahrtal duerch d'Iwwerschwemmungen hiert Liewe gelooss.
De 15. Juli 2021 hu vill Mënschen am Ahrtal duerch d'Iwwerschwemmungen hiert Liewe gelooss.
© THOMAS FREY/dpa Picture-Alliance via AFP

5 Joer ass et hir, dass am Ahrtal vill Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. D'Kommunikatioun war bannent Minutte komplett ënnerbrach a ganz séier ware vill Mënschen als vermësst gemellt. Fir d'Rettungsdéngschter eng ganz schwiereg Situatioun. An Zukunft kéint d'Satellite-Kommunikatioun an och Technologie aus Lëtzebuerg an esou Fäll Hëllef an Informatioune méi séier accessibel maachen.

Nach ëmmer gëtt et Regiounen op der Welt, wou eng Kommunikatioun méi schwiereg ass. D'Lëtzebuerger Firma OQ Technology well do Léisunge proposéieren, awer och beispillsweis bei Naturkatastrophen, wou déi klassesch Kommunikatioun zesummebrécht.

Asaz vu Satellitte kéint Liewe retten

Den Omar Qaise, CEO vun "OQ Technology" erkläert, wisou och bei Cyberattacke Satellitten an Zukunft kënnen eng Roll spillen.

“Eis Satellitte kéinte genotzt ginn, fir eng direkt Kommunikatioun mat Handye méiglech ze maachen. Wou eng Regierung beispillsweis Alerte kéint erausschécken. Oder och an Zukunft kéinten d’Leit direkt mat Hëllef vu Satellitten-Technologie kommunizéieren.”

Dat hätt beispillsweis och e groussen Impakt, am Fall vun Naturkatastrophen oder aneren Ausfäll vun de klassesche Reseauen.

Bei Naturkatastrophe kéinte First Responder esou méi séier alertéiert ginn, finanziellen a mënschleche Schued reduzéiert ginn. Den Omar Qaise nennt d'Beispill vun den Iwwerschwemmungen am Ahrtal.

“Direkt wieren 1.700 Leit vermësst gemellt ginn. Net well se vermësst goufen, mee well se kee Reseau méi haten. Et war net méiglech fir d'Leit déi éischt Hëllef geleescht hunn, un se ze kommen.”

Aktuell huet OQ Technology d’Méiglechkeet all 4-6 Stonnen eng Kommunikatioun iwwerall op der Welt méiglech ze maachen. Wann ee bis 48 Satellitten op Orbit huet, gëtt dës Frequenz méi kuerz. Eppes wat grad bei kritescher Kommunikatioun wichteg ass.

D'Lëtzebuerger Firma huet och eng Méiglechkeet entwéckelt, fir d’Drone mat Hëllef vu 5G-Satellittekommunikatioun méiglech ze maachen.

D'Firma ass zanter 2016 zu Lëtzebuerg aktiv. D'Technologië ginn nach ëmmer hei entwéckelt, ma d'Satellitten och vun hei aus am Kontrolltuerm iwwerwaacht. Et géif een och ënnerstëtzt gi vun der Lëtzebuerger Regierung, der nationaler Weltraumagence oder och der ESA. Eent vun de groussen Ziler wier et och an Zukunft selwer d'Satellitten zu Lëtzebuerg ze bauen.

Back to Top
CIM LOGO