Just nach 85 Sekonne bis Mëtternuecht"Weltënnergangsauer" ëm véier Sekonnen no vir geréckelt

AFP
Mat der "Weltënnergangsauer" beschreiwe Wëssenschaftler, wéi no d'Mënschheet enger weltwäiter Katastroph komm ass. Dëst Joer ass den Zär ëm véier Sekonnen no vir geréckelt - esou no wéi nach ni.
© Jamie Christiani / Bulletin of the Atomic Scientists

85 Sekonne bis Mëtternuecht: Den Zär vun der “Weltënnergangsauer”, mat deem Wëssenschaftler beschreiwen, wéi no d’Mënschheet enger weltwäiter Katastroph komm ass, ass dëst Joer ëm véier Sekonnen no vir geréckelt. Domat steet den Zär elo op 85 Sekonne viru Mëtternuecht, wéi Fuerscher vum Magazin “Bulletin of the Atomic Scientists” en Dënschdeg matdeelen. Esou no wier d’Mënschheet an der 79 Joer aler Geschicht vun der “Doomsday Clock” nach ni um Ofgrond gewiescht.

D’Fuerscher - dorënner aacht Nobelpräislaureaten - maache Groussmuechte wéi d’USA, China a Russland responsabel fir d’Entwécklung. Si wieren “ëmmer méi aggressiv, konfrontativ an nationalistesch ginn”, erklären d’Wëssenschaftler.

Déi international Kooperatioun hätt op ville Plaze gestoppt, heescht et weider. Si wier awer “decisiv, fir d’Riske vun engem Atomkrich, dem Klimawandel, dem Mëssbrauch vu Biotechnologie, der potentieller Menace duerch Kënschtlech Intelligenz an aneren apokalyptesch Geforen ze limitéieren”.

D’Wëssenschaftler hunn ënnert anerem op den “New START"-Accord fir d’Verréngere vu strategesche Waffe vun den USA a Russland verwisen, deen déi nächst Woch ausleeft. “Fir d’éischt Kéier zanter iwwer engem hallwe Joerhonnert wäert et näischt ginn, wat en ausser Kontroll gerodent nukleaart Wettrëschte verhënnert”, warnt de Physiker Daniel Holz vun der Uni Chicago.

Den US-President Trump jo gedreet, Atomtester nees ophuelen ze wëllen. Donieft huet hien e Rakéitenofwiersystem mam Numm “Golden Dome”, also “Gëlle Kuppel”, virubruecht.

Donieft huet den Holz och d’Virgoe vun der US-Regierung an der Stad Minneapolis kritiséiert, wou Beamte bei Protester géint dem Donald Trump seng Migratiounspolitik an de leschte Wochen zwee US-Bierger erschoss haten. “D’Geschicht huet gewisen, datt Konflikter a Leed nokommen, wa Regierungen hiren eegene Bierger géigeniwwer net méi rechenschaftsflichteg sinn”, sou den Holz.

Déi sougenannt Weltënnergangsauer gëtt et zanter 1947. Deemools - zwee Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich - war d’Auer op siwe Minutte viru Mëtternuecht gestallt ginn. Nom Enn vum Kale Krich goufen d’Zären op 23.43 Auer gestallt - déi bis ewell wäitst Distanz zu Mëtternuecht.

Back to Top
CIM LOGO