
Nom Virbild vun Australien kéint och Frankräich geschwënn nozéien: D’Assemblée nationale zu Paräis huet sech fir e Verbuet vun Online-Netzwierker fir Kanner a Jugendlecher ënner 15 Joer ausgeschwat. D’Deputéiert hunn an der Nuecht op en Dënschdeg mat enger däitlecher Majoritéit vun 130 zu 21 Stëmme fir de Gesetzesprojet gestëmmt, dee Mëtt Februar soll an de Senat goen. Scho fir déi nächst Rentrée kéint d’Reform a Kraaft trieden.
“Vum 1. September u wäerten eis Kanner a Jugendlecher endlech geschützt sinn”, huet de franséische President Emmanuel Macron op X geschriwwen. “D’Gehierer vun eise Kanner sinn net ze verkafen, weder un US-Plattformen nach u chineesesch Netzwierker”, huet hie betount. Hir Dreem sollten net duerch Algorithmen diktéiert ginn.
D’EU-Kommissioun huet allerdéngs dorop higewisen, datt Frankräich bei der Ëmsetzung op hir Hëllef ugewise wier. Si eleng kéinten “de groussen Online-Plattformen zousätzlech Virgabe maachen”, sot e Spriecher vun der Kommissioun en Dënschdeg.
Dat geplangt Verbuet ëmfaasst ënnert anerem Tiktok, Snapchat an Instagram, schléisst awer Online-Enzyklopädië wéi Wikipedia a pedagogesch Contenuen aus.
Zil vum Gesetz wier et, gesondheetsschiedlech Auswierkunge vun den Onlinedéngschter op Jonker ze vermeiden. Engem Rapport vun der nationaler Gesondheetsautoritéit no schued d’Notzung der mentaler Gesondheet vu Jugendlechen erhieflech. Zu de Risiken zielen ënnert anerem Cybermobbing, de stännege Verglach mat aneren oder mat deels onrealistesche Virbiller souwéi brutal Contenuen. Donieft géingen d’Algorithmen der Etüd no d’Opmierksamkeet vu jonker Mënschen ofzéien a si dacks ëm de Schlof bréngen.
De Gesetzesprojet soll als Urgence gestëmmt ginn, sou datt e bei enger Zoustëmmung vum Senat schonn am September a Kraaft triede kéint. Dir datt d’Verbuet tatsächlech gräift, muss allerdéngs e fälschungsséchere System fir d’Alterskontroll agefouert ginn. Dëst ass op europäeschem Niveau a Preparatioun.
“Frankräich ka bannent engem Mount Virreider an Europa ginn: Mir kënnen d’Liewe vun eise Jugendlechen a Famillje veränneren a vläicht gläichzäiteg d’Onofhängegkeet vun eisem Land verbesseren”, sot de Fraktiounschef vun der Regierungspartei Renaissance, de Gabriel Attal.
Donieft soll d’Verbuet vun Handyen a Schoule vun der Grondschoul och op déi iewescht Klassen ausgebreet ginn. E puer Schoulen a Frankräich testen dat schonn. D’Handye mussen entweder ausgemaach an der Posche bleiwen oder gi moies virum Unterrecht agesammelt.
D’Initiativ hat scho bestoend Spannungen tëscht dem Macron a sengem fréiere Premier Attal verstäerkt, well souguerl d’Regierung wéi och d’Regierungspartei jeeweils eng Gesetzespropos abrénge wollten. Schliisslech hu sech béid Säiten dorop gëeenegt, nëmmen eng Propos z’ënnerstëtzen.
An Australien war am Dezember dat weltwäit éischt Social-Media-Verbuet fir Kanner a Jugendlcher a Kraaft getrueden. D’Gesetz erlaabt d’Notzung vu Plattforme wéi Tiktok, Instagram a Snapchat eréischt vu 16 Joer un.
Liest dozou och nach: