
Tëscht Februar an November 2025 soll de Secourist op d’mannst sechs eeler Persounen, déi op Fleeg ugewise waren, express a senger Ambulanz ëmbruecht hunn. De 27 Joer ale Verdächtegen huet d’Reprochen zeréckgewisen, allerdéngs belaaschten hien elo brisant Telefonater, déi vun Enquêteuren ofgelauschtert goufen. An dësen heescht et vum Beschëllegten: “Dës aarm al Leit leiden ze vill...Et ass net fair...Si musse bei de léiwe Gott goen (...) Mir gefält wierklech wat ech gemaach hunn... Ech wëll et rëm maachen”.
De Fall suergt an Italien fir entsate Reaktiounen. De konkreete Verdacht vun den Enquêteuren: De Verdächtegen, dee fir d’Rout Kräiz geschafft huet, soll sengen Affer allkéiers kuerz ier d’Ambulanz fortgefuer ass, Loft an d’Vene gesprëtzt hunn, wouduerch d’Häerz opgeblose gouf, ier de komplette Kreeslaf vun de Patienten zesummegebrach ass a si gestuerwe sinn. Well et opfälleg dacks an a kuerzen Ofstänn zu Doudesfäll am beschëllegte Secourist senger Ambulanz koum, si seng Aarbechtskolleege mësstrauesch ginn an hunn de Parquet iwwer d’Virfäll informéiert.
Der italieenescher Zeitung “Il Fatto Quotidiano” no géifen an der Enquête, nieft de scho bekannten Doudesfall, och nach zwee weiderer ënnersicht ginn, déi op de Kont vum Verdächtege goe kéinten. Et wier also méiglech, datt hie fir den Doud vun insgesamt 8 Mënsche responsabel ass. D’Ermëttlunge si weiderhin amgaangen.