Nofollger vum Keir StarmerDen Andy Burnham ass den neie brittesche Premier

RTL mat AFP
De Labour-Politiker Andy Burnham krut e Méindeg vum Kinnek Charles den Optrag, eng nei brittesch Regierung ze bilden, nodeems hien als neie Parteichef gewielt ginn ass.
Nofollger vum Keir Starmer: Den Andy Burnham ass den neie brittesche Premier
De Labour-Politiker Andy Burnham krut e Méindeg vum Kinnek Charles den Optrag, eng nei brittesch Regierung ze bilden

Mam Andy Burnham krut Groussbritannien dëse Méindeg säin 7. Premierminister an 10 Joer. De 56 Joer alen "Kinnek aus dem Norden", wéi de Burnham a Labour-Kreesser genannt gouf, gouf e Méindeg de Mëtteg vum Kinnek Charles vereedegt an huet direkt am Nomëtteg déi éischt politesch Rendez-vousen a sengem Bureau op 10 Downing Street.

Wéi den Ex-Buergermeeschter vu Manchester an enger vun den éischte Riede sot, géif hien "en neie Wee" aschloen, fir déi grouss Aufgaben ze meeschteren, déi sech aktuell der Insel stellen.

2001 war de Burnham eng éischte Kéier als Deputéierten an d'House of Commons gewielt ginn, éier hien an de Regierungen Blair a Brown verschidde Minister-Portefeuillen hat.
2017 gouf de Papp vun 3 Kanner, deen aus einfachen Familljekonditiounen kënnt, Buergermeeschter vu Manchester.

De "wirtschafts-frëndlechen Sozialist" Burnham gëtt Successeur vum Keir Starmer, deen op Grond vu parteiinternen Kriticken an dem Drock den 22. Juni seng Demissioun ginn hat. De Keir Starmer, den éischte Premier fir d'Labour-Partei a 14 Joer, ass no knapp zwee Joer am Amt wéinst de schlechte Resultater vu senger Partei am Juni zréckgetrueden.

A Groussbritannien ass d'Mandat vum Premierminister traditionell un dat vum Parteichef gebonnen.

Back to Top
CIM LOGO