
Wéi et heescht, wier d'Läich vum verdächtege Mann en Dënschdeg de Moie fréi a senger Zell am Untersuchungsprisong fonnt ginn an et géing keen Indice fir eng Friemawierkung ginn.
Wéi e Mataarbechter aus dem Prisong de Verdächtege fonnt huet, hat hie scho keng Kierpertemperatur méi. Den Noutdokter konnt nëmmen nach den Doud feststellen. En huet sech wuel erwiergt. Den zoustännege Ministère deelt mat, datt d'Famill vum Verdächtegen an och déi vun de 6 Persounen, déi hiert d'Liewe verluer hunn, informéiert goufen.
Den 29. Juni hat e Mann an enger sozialer Installatioun 6 Leit ëmbruecht, dorënner 3 Mataarbechter vum Jugendamt an 3 vum Foyer. Hannergrond war e Sträit ëm d'Suergerecht fir d'Duechter vum Verdächtegen. Dem Mann säin dräi Méint aalt Meedchen an och d'Mamm vum Kand waren zur Zäit vun de Schëss am Foyer, si sinn awer onverletzt bliwwen.
Den Haaptverdächtegen ass no der Dot als Bäifuerer an engem Auto geflücht. D'Police konnt awer souwuel hien, wéi och d'Fra hannert dem Steier festhuelen. Der "Bild" no soll et sech bei der Fra ëm d'Giedel vun der Duechter vum Verdächtegen handelen.
Aus der "Bild" geet och ervir, datt Ermëttlunge géint déi 65 Joer al Chauffesch a géint d'Mamm gelaf sinn. A wéiwäit déi zwou Fraen eppes mat der Dot ze dinn hunn, ass nach net gekläert.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu