Ëmfro vum Digitalverband Bitkom (D)Zwee vun dräi Leit, déi schaffen, sinn am Congé erreechbar

RTL mat AFP
Zwee Drëttel vun de Persounen, déi eng Aarbecht hunn, sinn trotz Congé nach fir berufflech Uleies disponibel. Dat geet aus enger Bitkom-Ëmfro ervir.
Vill Leit sinn trotz Congé fir hir Aarbecht erreechbar.
© RTL-Grafik

Och am Congé bleift d'Majoritéit vun de Beschäftegten aus beruffleche Grënn erreechbar. Nëmmen een Drëttel schalt komplett of, wéi aus enger Ëmfro vum Digitalverband Bitkom an Däitschland ervirgeet. 66 Prozent sinn trotz Vakanz nach fir d'Aarbecht erreechbar – virun allem, fir den Erwaardunge vun anere gerecht ze ginn.

Bitkom no bleift dësen Taux domat op engem änlechen Niveau wéi an de Jore virdrun. Schonn 2025 an 2024 hate 67, respektiv 66 Prozent uginn, och an der Vakanz fir berufflech Uleies erreechbar ze sinn. Fir déi aktuell Ëmfro waren am Abrëll an am Mee representativ 1.004 Persoune vu 16 Joer u befrot, dorënner 358 Leit mat enger Aarbecht, déi dëst Joer an d'Summervakanz fueren.

Den Haaptgrond fir déi berufflech Erreechbarkeet ass, datt vill Befroten den Erwaardunge vun anere Persoune gerecht wëlle ginn. 53 Prozent vun deenen, déi an der Vakanz berufflech erreechbar sinn, soen, datt hir Aarbechtskolleegen dat vun hinnen erwaarden. 47 Prozent nennen hir Virgesaten. Ronn een Drëttel mengt, datt och d'Clientë mat hirer Erreechbarkeet rechnen. 16 Prozent hunn uginn, aus eegener Motivatioun och an der Vakanz fir de Beruff disponibel ze sinn.

Am heefegste reagéiere Beruffstäteg an der Vakanz op Kuerznoriichten oder Telefonsuriff mat 62, respektiv 61 Prozent. 22 Prozent si per E-Mail erreechbar, 14 Prozent huelen u Videouriff deel a siwe Prozent loosse sech iwwer Kollaboratioun-Tools kontaktéieren.

"D'Méiglechkeete fir flexibel no Zäit a Plaz ze schaffen, däerfen net dozou féieren, datt Beschäftegt d'Gefill hunn, och an der Vakanz permanent disponibel mussen ze sinn“, sou de Bitkom-CEO Bernhard Rohleder. "Wie sech wierklech erhuele kann, lieft net nëmme méi gesond, mee schafft och méi produktiv.“

De Rohleder huet dofir plädéiert, Vertriedungsléisunge fristgerecht ze organiséieren an d'Erwaardungen transparent ze kommunizéieren. „Kloer Reegele fir d'Erreechbarkeet am Noutfall schafen Transparenz a Sécherheet fir all Bedeelegt“, huet hien erkläert. D'Zil misst awer ëmmer sinn, „datt een esou eng Noutléisung am beschte guer net an Usproch huele muss“.

Droit à la déconnexion zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ass d'Recht op d'Net-Erreechbarkeet gesetzlech gereegelt. Salariéë si baussent hirer Aarbechtszäit am Prinzip net verflicht, berufflech E-Mailen, Uriff oder Messagen ze beäntwerten.

D'Patrone mussen dofir kloer intern Reegelen opstellen, fir d'Respektéiere vun de Rouzäiten an eng besser Trennung tëscht Beruff a Privatliewen ze garantéieren.

Back to Top
CIM LOGO