Iran-KrichKuwait rationéiert Stroum no iraneschen Attacken

RTL mat AFP
Op en Neits hätt den Iran kuwaitesch Infrastrukturen ugegraff, heescht et vun der Plaz. Entretemps ass de Stroum rationéiert ginn am klenge Golfstaat.
Grad ass eng iranesch Dron gestart
Grad ass eng iranesch Dron gestart
© -/AFP

Kuwait huet dem Iran virgehäit, op en Neits Kraaftwierker an Entsalzungsanlage fir Mierwaasser ugegraff ze hunn. Duerch déi unhalend Aggressioune vum Iran wier et an enger Rei Ariichtungen zu Bränn komm, sou de Ministère fir Elektresch, Waasser an erneierbar Energien op de Soziale Medien. De véierten Dag hannerteneen hätt den Iran dat klengt Land attackéiert.

Déi kuwaitesch Arméi hat schonn e Méindeg iranesch Ugrëffer mat Rakéiten an Drone gemellt. Zu Kuwait-City waren Explosiounen ze héiere gewiescht. Nodeems e Sonndeg eng Anlag fir Energieopbereedung gebrannt hat, war d'Populatioun vun de kuwaiteschen Autoritéiten opgefuerdert ginn, Stroum ze spueren. Am Laf vum Dënschdeg sinn op en Neits an der kuwaitescher Haaptstad, an och am Bahrain, d'Sireene gaangen.

Den Doud vun enger Rei US-Zaldoten hat iwwert de Weekend zu enger weiderer Eskalatioun am Iran-Krich gefouert. Déi US-amerikanesch Arméi hat verstäerkt Stëtzpunkte vun den iranesche Revolutiounsgarden ugegraff, wärend den Iran mat Attacken op eng Rei Länner an der Regioun reagéiert hat.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO