No Attacken op KontrollerenDeutsche Bahn féiert Alkoholverbuet op Garen an

RTL mat AFP
No enger Rei Gewaltvirfäll op Kontrolleren zitt d'Deutsche Bahn Konsequenzen: An Zukunft wäert den Alkoholkonsum op allen däitsche Gare verbuede sinn.
Haut ass d'Bahn rëm gréisstendeels gefuer
No de sëllegen Attacken op Kontrolleren gräift d'Deutsche Bahn elo méi haart duerch.
© KIRILL KUDRYAVTSEV/AFP

D'Deutsche Bahn féiert en Alkoholverbuet op de ronn 5.400 Garen an Däitschland an. "Mir wëlle méi Uerdnung a Sécherheet op eise Garen an an eisen Zich", sou d'DB-Cheffin Evelyn Palla en Dënschdeg vis-à-vis der "Bild"-Zeitung.

Deemno wäert d'Verbuet schrëttweis bis de 15. Oktober agefouert ginn. D'Gewerkschaft der Polizei (GdP) steet der Moossnam positiv géintiwwer, bezweifelt awer, datt ee se opgrond vum Personalmanktem ëmsetze kann.

Bis elo gëllt schonn op ronn 30 groussen däitsche Garen e Verbuet vun Alkoholkonsum, dorënner Hamburg, Köln a München. Elo wäert d'Deutsche Bahn dës Reegelung bundeswäit ausdeenen, mellt d'"Bild".

Fir dat méiglech ze maachen, sollen déi lokal Reegelen an de kommende Wochen a Kooperatioun mat de Gemengen an zoustännegen Autoritéiten ugepasst ginn.

D'Verbuet wäert den direkte Konsum op de Quaien an op de Gare betreffen. Ausgeholl dovun ass de Konsum an de Restauranten op der Gare, wéi och d'Matféiere vun zouen alkoholesche Gedrénks an Täschen.

D'Anhale vum Verbuet soll Informatiounen no vun de Sécherheetsdéngschter vun der DB an der Bundespolice iwwerwaacht ginn. Bei Verstéiss kënnen d'Persoune vun der Gare verwise ginn an en Hausverbuet kréien.

D'Evelyn Palla huet op de Schutz vun de Bahn-Mataarbechter an de Reesender verwisen: "Et geet duer. Genuch ass Genuch. Mir gräife lo nach méi haart duerch."

Gewalt géint Mataarbechter

Schonn zanter Méint steet d'Sécherheet an den Zich an op de Garen zur Debatt. E Freideg den Owend koum et op der Streck vun Offenburg op Karlsruhe rëm zu engem Virfall, bei dem e Mataarbechter vun der DB schwéier verletzt ginn ass. Ausléiser war anscheinend eng Ticketskontroll bei engem alkoholiséierte Mann.

Déi genee Ëmstänn sinn allerdéngs nach net kloer.

Och am Februar war et am däitsche Landstuhl zu enger déidlecher Attack op e Kontroller komm. De Mataarbechter vun der Deutsche Bahn war bei enger Ticketskontroll vun engem lëtzebuergesche Resident ugegraff ginn a kuerz drop u senge schwéiere Verletzunge gestuerwen.

No de rezente Gewaltexzesser hält den Alexander Poitz, stellvertriedende Bundespresident vun der Gewerkschaft der Polizei (GdP), en Alkoholverbuet fir gerechtfäerdegt, dat sot hien de Senderen RTL an ntv. Senger Meenung no misst esou e Verbuet awer och an den Zich gëllen.

Gläichzäiteg wier et ouni zousätzlecht Personal schwéier, d'Reegel konsequent duerchzesetzen: "Ech gleewen net, datt et méiglech ass, den Alkohol komplett aus de Garen an den Zich raus ze kréien an dat iwwerall konsequent ze kontrolléieren."

Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Am Géigesaz zu Däitschland gëtt et op de Lëtzebuerger Garen aktuell keen allgemengt Alkoholverbuet. De Konsum vun alkoholesche Gedrénks ass op de Quaien an an de Gareberäicher am Prinzip erlaabt.

E landeswäit Verbuet, wéi et d'Deutsche Bahn elo fir hir Garen aféiere wäert, besteet zu Lëtzebuerg net.

Op de Gare gëllen awer déi allgemeng Reegele vun der ëffentlecher Uerdnung, esou datt d'Police oder d'Sécherheetsdéngschter kënne reagéieren, wann alkoholiséiert Persounen aner Leit belästegen oder d'Sécherheet a Gefor bréngen.

Back to Top
CIM LOGO