UN iwwer Ukrain-KrichZuel vun zivillen Doudesaffer an der Ukrain sou héich wéi nach ni

RTL Lëtzebuerg
Op d'mannst 293 Zivilsten wieren am Mount Juni bei russeschen Attacken ëm d'Liewe komm, sou vill, wéi a kengem anere Mount zënter dem Ufank vum Krich.
© OLEG PETRASIUK/AFP

D'Vereenten Natioune mellen déi héchsten Zuel un zivillen Affer an der Ukrain zënter dem Ufank vun de russeschen Attacken virun iwwer Jvéieroer. Op d'mannst 293 Ziviliste sinn eleng am Juni bei Attacken säitens Russland an der Ukrain ëm d'Liewe komm. D'UN warnt awer virdrun, dass d'Afferzuele weider klamme kéinten.

D'HRMMU vun der UN präziséiert weider, dass bal 2.000 Persounen am Mount Juni bei Attacken an der Ukrain blesséiert goufen. Bal d'Hallschent vun den Affer ass op Attacke mat Rakéiten an Dronen zeréckzeféieren.

"No enger staarker Augmentatioun am Mee, klëmmt d'Zuel vun den zivillen Affer am Juni weider", sou d'HRMMU. Besonnesch am Fokus vun den Attacke waren der UN no d'Haaptstad Kiew an Dnipro. Dësen Trend zu Attacken, déi wäit vun der Front ewech sinn, géif "den ëmmer méi heefegen Asaz vu staarke Waffen erëmspigelen, déi dann a Stied, an deene vill Leit wunnen, uerg Suitten hunn", esou d'Cheffin vun der HRMMU, d'Danielle Bell.

Wéi et heescht, goufen et och vill Doudeger bei Attacke mat Dronen un der Frontlinn. Eleng am Juni sinn hei deemno 89 Ziviliste gestuerwen, 588 Persoune goufe blesséiert. D'Zuel vun den doudegen Zivilisten läit der HRMMU no zënter dem Ufank vum Krich am Februar 2022 alles an allem bei elo 16.431, dorënner 802 Kanner. 48.428 Leit goufen zënterhier blesséiert.

Dës Zuel, sou d'UN, ass awer warscheinlech net héich genuch, well Afferzuelen aus de Regiounen, déi vu Russland ageholl goufen, net kënne verifizéiert ginn.

Och a Russland klëmmt d'Zuel vun den zivillen Doudesaffer

Och déi russesch Autoritéite mellen e Klamme vun der Zuel vun den zivillen Doudesaffer. Deemno wieren an der éischter Hallschent 2026 am Ganzen 250 Zivilisten a Russland bei ukraineschen Attacken ëm d'Liewe komm, dat sinn 121 Prozent méi, wéi nach am Joer 2025. Och dës Zuele kënnen der UN no net onofhängeg vuneneen iwwerpréift ginn.

Déi endgülteg Date fir Juni wäerten Enn Juli publizéiert ginn. "Dësen Trend deen engem Suerge mécht, geet, wéi et ausgesäit, och am Juli weider", sou d'Rosemary DiCarlo, d'UN-Generalsekretärin fir politesch Ugeleeënheeten. Hei gëtt op dräi russesch Attacken op Kiew an op aner ukrainesch Stied eleng an der leschter Woch verwisen.

Back to Top
CIM LOGO