Nächst Generatioun an EntwécklungDronen antëscht eng vun de wichtegste Krichswaffen

Petz Bartz
Drone gi schonn zanter Joerzéngten an der Krichsféierung genotzt. Mee wat fréier éischter e Gadget war, ass mam Krich an der Ukrain zu der wichtegster Waff iwwerhaapt ginn.
Dronen antëscht eng vun de wichtegste Krichswaffen
Drone gi schonn zanter Joerzéngten an der Krichsféierung genotzt. Mee wat fréier éischter e Gadget war, ass haut zu der wichtegster Waff iwwerhaapt ginn.

Zéngdausenden Drone sinn an der Ukrain all Dag an der Loft, fir Truppebeweegunge vum Feind ze gesinn, fir Artillerie ze guidéieren, fir Ziler ze definéieren a natierlech och fir Sprengsätz un hiert Zil ze bréngen. 2025 war d'Joer vun der Dron.

Den Asaz vun Dronen am Ufank vum Krich, no der russescher Invasioun vun der Ukrain am Februar 2022, hat éischter d'Missioun vun der Iwwerwaachung. Elo huet quasi all Brigad seng Kampfdroneneenheet. Kleng Detachementer hunn Dronen, fir Feindbeweegungen z’erkennen, op déi Kampfdronen da kënne reagéieren.

Op der Frontlinn an hannendru kommen FPV-Dronen an den Asaz. Konventionell Kampffliger maache kee Sënn méi wéinst der héijer Konzentratioun u Loftofwier. D’FPV-Drone sinn do méi flexibel a brénge Sprengsätz bis zu 20 Kilometer wäit un hiert Zil, zum Beispill e Panzer vum Feind, deen de Pilot identifizéiert huet. De Benjamin Wolba vum European Defence Tech Hub:

"D'Dronen hu fundamental de Käschtepunkt vum Krich geännert. Si si bëlleg a kaschte just tëscht e puer Honnert bis Dausend Euro a si zerstéieren ganz deier a sophistiquéiert Systemer wéi Panzer, Kampffliger an Helikopter."

Déi komplex Waffe kënnen net liicht ersat ginn. Eng Dron vu 500 Euro schonn. Hir Efficacitéit um Schluechtfeld steet fir Strateegen ausser Fro an ass statistesch beluecht. 70-80% ginn zeréck op FPV-Dronen, just 20% op Artillerie, Infanteriewaffen a Minnen.

"Traditionell Krichsféierung funktionéiert net méi. Dir kënnt net a grousse Gruppe kommen. Dat haten d’Nordkoreaner erausfonnt, déi op Kursk geschéckt goufen. Eng grouss Grupp Leit ass en einfacht Zil fir Dronen. Wat Ukrainer a Russen den Ament maachen? Si sinn a klenge Gruppen zu 2 oder 3. Firwat? Dronen hu Problemer vill kleng individuell Gruppen ze joen. A wa se treffen, da ginn et 2-3 Affer a keng 50."

Analog Drone kënnen allerdéngs liicht vum Feind an der Kommunikatioun gestéiert an ëmgeleet ginn. Eng digital Verschlësselung ass deier a komplex.

"Leit a Russland an an der Ukrain schaffen un digitaler Verschlësselung, mee si sinn och mat der genialer, bëlleger an efficacer Léisung komm vum Glasfaseruschloss. Dir schléisst eng Glasfaser un d’Dron an dir kënnt alles un den Operateur iwwerdroen. D’Glasfaser ass op enger Spull a ka 50 Kilometer laang sinn. An dir sidd net méi ugewisen un eng Radiokommunikatioun, déi liicht ka gestéiert ginn, soulaang d’Faser net ofräisst oder anzwousch hänke bleift."

Ee weidere Schrëtt an der neier Krichsféierung sinn déi sougenannt Interceptor-Dronen – Dronen, déi d’Missioun hunn, feindlech Dronen ofzefänken a nach an der Loft ze neutraliséieren, ier se hiert Zil erreechen. Och hei ass et eng Käschtefro. D’Interceptor kënne vill méi séier a flexibel an den Asaz kommen a si si wesentlech méi gënschteg wéi Rakéite vun der konventioneller Loftofwier.

Net nëmmen an der Ukrain, mee och an Europa waren d’lescht Joer russesch Dronen am Asaz. Do war d’Missioun vum Kreml an der Haaptsaach déi ze weisen, dass ee kann, wann ee wëll.

"Et gëtt engersäits de physeschen Impakt vun enger Dron an engem gespaarte Loftraum, fir Iwwerwaachung oder fir de Fluchtrafic ze stéieren, sou dass de Fluchhafe muss zoumaachen. Mir hunn dat jo zu München, zu Kopenhagen an zu Bréissel gesinn. Mee et huet och e psychologeschen Effet bei der Zivilpopulatioun, déi net versteet wat geschitt a sech d’Fro stellt, ob eis Regierung, eis Arméi eis nach ka schützen."

Militäresch Dronen hunn en technologescht Kaz- a Mausspill lassgetrëppelt. Déi nächst Generatioun gëtt mëttlerweil schonn an der Ukrain entwéckelt a gräift op KI zeréck. Déi Dronen identifizéieren hir Ziler selwer a sinn net méi op Kommunikatioun mat engem Pilot ugewisen, déi kéint vum Feind gestéiert ginn. De Kampf géint Drone funktionéiert just mat Dronen – vill dorënner kaschten doriwwer eraus och manner wéi eng Cartouche Artilleriemunitioun.

Back to Top
CIM LOGO