Solle "Stad esou séier wéi méiglech verloossen"Russland warnt Auslänner an Diplomate virun neien Attacken op Kiew

AFP, iwwersat vun RTL
Russland huet Auslänner a Membere vun diplomatesche Vertriedungen zu Kiew opgefuerdert, d'ukrainesch Haaptstad wéinst neien Attacken ze verloossen.
Russland hat Ausländer und Mitarbeiter diplomatischer Vertretungen in Kiew aufgefordert, die ukrainische Hauptstadt angesichts bevorstehender neuer Angriffe zu verlassen.
Zanter Woche warnt Russland virun Attacken op d'ukrainesch Haaptstad.
© AFP

"D'Attacke wäerte souwuel op Decisiounszentere wéi och op Kommandoposten zilen", esou den Ausseministère zu Moskau e Méindeg. "Mir warnen auslännesch Bierger, souwéi d'Personal vun diplomatesche Missiounen an internationalen Organisatiounen, d'Stad esou séier wéi méiglech ze verloossen."

Moskau huet scho viru gutt zwou Wochen d'Awunner vu Kiew an auslännesch Diplomaten opgefuerdert, den Zentrum vun der Stad "séier" ze verloossen, falls dat russescht Weltkrichsgedenken den 9. Mee vun der Ukrain géing gestéiert ginn.

De Weekend hat Russland sëllegen Dronen a Rakéiten op d'Ukrain geschoss. Moskau huet dobäi och d'Hyperschallrakéit Oreschnik agesat, déi Moskau no mat Atomsprengkierper ekipéiert ka ginn. Bei Attacken an der Nuecht op Kiew gouf och den ARD-Studio souwéi de Büro vun der Deutschen Welle massiv beschiedegt an deels zerstéiert. Vun de Mataarbechter gouf awer kee blesséiert.

Iwwerdeem hunn déi russesch an déi vu Russland kontrolléiert Autoritéite sechs Doudeger bei ukraineschen Attacke bekannt ginn. Véier Leit, dorënner zwee Kanner, wieren an der Regioun Donezk ëm d'Liewe komm, heescht et vun der lokaler Verwaltung, déi ënnert der Kontroll vu Russland ass. Zwee Leit wieren iwwerdeem duerch ukrainesch Dronenattacken an de westrussesche Grenzregioune Brjansk a Belgorod ëmkomm.

Op ukrainescher Säit mellen d'Autoritéite véier Doudeger duerch russesch Ugrëff. Zwee Männer koumen dem Gouverneur vu Charkiw no am Nordoste vun der Ukrain ëm d'Liewen. Am vun der Ukrain kontrolléiertem Deel vun der Regioun Donezk sinn dem Buergermeeschter no zwee Leit bei russeschen Attack ëmkomm.

Back to Top
CIM LOGO