Seriemäerder op Long IslandArchitekt gëtt aacht Femiziden tëscht 1993 an 2010 zou

AFP, iwwersat vun RTL
Ronn 16 Joer nodeems op der New Yorker Insel Long Island eelef Läichen ënnert ongekläerten Ëmstänn fonnt goufen, huet elo en Architekt aacht Morden zouginn.
Rund 16 Jahre nach ungeklärten Leichenfunden auf der New Yorker Insel Long Island hat ein Architekt acht Morde gestanden. Der 62-jährige Rex Heuermann bekannte sich am Mittwoch vor einem Gericht schuldig.
Ronn 16 Joer nodeems op der New Yorker Insel Long Island eelef Läichen ënnert ongekläerten Ëmstänn fonnt goufen, huet elo een Architekt aacht Morden zouginn.
© GETTY IMAGES/Getty Images via AFP

Den 62 Joer ale Rex Heuermann huet e Mëttwoch virun engem Geriicht am US-Bundesstaat New York gestanen, tëscht 1993 an 2010 siwe Fraen entféiert, gefoltert an ëmbruecht ze hunn. Der “New York Times” no hätt hien och nach een aachte Mord gestanen, wéinst deem hien awer bis ewell net ugeklot gi war.

Den Heuermann riskéiert eng liewenslaang Prisongsstrof. Déi sougenannten “Gilgo-Beach-Morden” haten an den USA vun 2010 u landeswäit fir Schlagzeile gesuergt. Deemools ware bei enger Strooss an der Géigend vun enger Plage un der Südküst vu Long Island d’Läiche vun insgesamt eelef Affer fonnt ginn. D’Affer waren néng Fraen, ee Mann an ee Meedchen. Eng Rei vun de weiblechen Affer ware virun hirem Doud an der Prostitutioun aktiv.

Méi wéi zéng Joer laang sinn d’Ermëttler no de grujelegen Decouverten net wierklech weider komm. Ma am Juli 2023 gouf den Heuermann, deen op Long Island gelieft huet, a sengem Büro zu Manhattan festgeholl. D’Police hat erausfonnt, datt eent vun den Affer an engem Won gesi gouf, deen op de Verdächtege registréiert war. Den Architekt huet ufanks allerdéngs op “net schëlleg” plädéiert.

D’Police huet iwwerdeems och Handy-Donnéeën analyséiert a konnt Hoer, déi un de Läiche fonnt gi waren, duerch nei DNA-Tester dem Verdächtegen zouuerdnen. Den zweefache Papp huet sech am Internet ausserdeem Honnerte Kéieren iwwert de Stand vun den Ermëttlunge renseignéiert an huet Froe gestallt wéi “Firwat gouf de Long-Island-Seriemäerder net gefaasst?” D’Police huet och nach erausfonnt, datt dem Heuermann seng Fra ëmmer op Rees war, wéi d’Morde geschitt sinn. De Fall vun de “Gilgo-Beach-Morden” war d’Basis fir den Netflix-Film “Lost Girls” aus dem Joer 2020.

Back to Top
CIM LOGO