
D’Äerd géif wéi ee “Rettungsboot am Universum” wierken, sot e Samschdeg d’US-Astronautin Christina Koch viru Journalisten. D’Crew war den Dag virdrun no ronn 10 Deeg am All an engem historeschen Tour ronderëm de Mound ënner extreeme Conditiounen nees op der Äerd gelant.
D’Christina Koch huet un der Säit vun den anere Membere vun der Crew vun Artemis II bei enger Pressekonferenz zu Houston (Texas) iwwert hir Erfarunge geschwat. Wou si aus der Fënster vun der Raumkapsel gebléckt huet, wier hir net just d’Äerd opgefall, ma och “dat ganzt Schwaarzt ronderëm”, esou d’US-Astronautin. “Eent weess ech: Planéit Äerd - dir sidd eng Crew!”
De kanadeschen Astronaut Jeremy Hansen huet d’Bewonnerer vun Artemis II opgeruff, sech selwer an der Missioun erëmzeerkennen. “Mir sinn ee Spigel, deen iech reflektéiert”, esou den Hansen. “A wann iech gefält, wat der gesitt, da kuckt e bësse méi déif. Dat sidd dir.”
Déi véier Astronauten - Reid Wiseman, Victor Glover, Christina Koch an Jeremy Hansen - waren e Samschdeg géint 2 Auer eiser Zäit no hirem Tour ronderëm de Mound zeréck op der Äerd gelant. D’Orion-Kapsel war mat Fallschiermer drun no der 10 Deeg laanger Moundmissioun wéi geplangt an ouni Tëschefäll virun der kalifornescher Küst an dat Pazifescht Mier gefall.
De Réckfluch ass ënner extreeme Conditioune geschitt. D’Kapsel, déi vun den Astronauten op den Numm “Integrity” gedeeft gi war, ass mat iwwer 38.000 Stonnekilometer nees an d’Äerdatmosphär agetrueden, woubäi se Temperature vun iwwer 27.000 Grad ausgesat war. Eng riseg Erausfuerderung fir d’Hëtztprotectioun an de warscheinlech geféierlechste Moment vun der Missioun. 2022 hat et bei engem Testfluch op dësem Punkt Probleemer ginn.
Wéi erwaart ass wärend dem Retour op d’Äerd och d’Kommunikatioun zum Kontrollzenter ofgebrach. “Houston, hei ass Integrity. Mir héieren iech haart an däitlech”, sot den Artemis-II-Kommandant Wiseman, wou de Kontakt retabléiert war. “Wat eng Rees.” D’Crew wier “stabil”.
Bei hirem Tour ronderëm de Mound sinn d’Astronaute méi wäit vun der Äerd fort gewiescht, wéi soss jee ee Mënsch virdrun. Mat ronn 406.771 Kilometer Distanz zur Äerd hu si een neie Rekord opgestallt.