USAAusnamereegel fir russesch Pëtrol ass ausgelaf

RTL Lëtzebuerg
Zwee Méint laang gouf fir Pëtrol aus Russland an den USA eng Ausnam gemaach. Dëse war nämlech net méi sanktionéiert.
Ufank Mee huet een zu LA 4,45 US-Dollar fir eng Galloun (1,09 Euro pro Liter) missten ausginn. Esou deier war de Bensinn zanter 4 Joer net méi.
Ufank Mee huet een zu LA 4,45 US-Dollar fir eng Galloun (1,09 Euro pro Liter) missten ausginn. Esou deier war de Bensinn zanter 4 Joer net méi.
© JUSTIN SULLIVAN/Getty Images via AFP

D'USA hunn hir Ausnamereegel um russesche Pëtrol auslafe gelooss. Wéinst dem Irankrich a senge Konsequenzen op d'Spritpräisser haten d'Amerikaner d'Sanktiounen op russeschem Pëtrol fir zwee Méint deels ausgesat. Elo ass mol nees Schluss domadder. Den ukrainesche President Selenskyj hat d'Decisioun schaarf kritiséiert. Op déi Aart a Weis géifen direkt Suen an déi russesch Krichskeess fléissen.

Och vun den Demokraten an den USA koum Kritik. D'Mesurë wier wéineg effikass fir d'USA a just gutt fir Russland. De Bensinnspräis ass zanter dem Ufank vum Iran-Krich an den USA däitlech geklommen.

Back to Top
CIM LOGO