WHO setzt Warnstuf eropNeien Ebola-Ausbroch an Zentralafrika

RTL Lëtzebuerg
Déi seele Bundibugyo-Variant gouf ënner anerem an der Republik Kongo festgestallt.
Duerch d'Feststelle vun Antikierper géint Ebola an engem Blutttest kann ee vun enger Infektioun ausgoen.
Duerch d'Feststelle vun Antikierper géint Ebola an engem Blutttest kann ee vun enger Infektioun ausgoen.
© WLADIMIR BULGAR/SCIENCE PHOTO LI/Science Photo Library via AFP

Et gëtt der Weltgesondheetsorganisatioun no aktuell kee Vaccin dogéint. An d'Weltgesondheetsorganisatioun huet haut den zweet héchsten internationalen Niveau d'alerte ausgeruff.

Bei engem neien Ebola-Ausbroch an Zentralafrika besonnesch an der Demokratescher Republik Kongo sinn am Labo 13 Fäll vun enger seelener Variant vun der liewensgeféierlecher Krankheet festgestallt ginn, déi zwar net mat enger Impfung bekämpft ka ginn, mä awer e gutt Stéck manner déidlech ass. Alles an allem kruten d'Gesondheetsautoritéiten an Afrika bis elo 336 Verdachtsfäll an 88 Doudeger gemellt. Et dierften der a Wierklechkeet wäit méi sinn. Et ass dëst de 17. Ebola-Ausbroch an der Demokratescher Republik Congo zanter 1976. Réischt zwee Mol huet et sech bis elo ëm déi sougenannte Bundibugyo-Variant gehandelt.

D'OMS schwätzt vun enger internationaler sanitärer Urgence. D' Krittäre vun enger Pandemie wieren awer net erfëllt.

Back to Top
CIM LOGO