Krich an der UkrainWuel gréisser Loftattack vun der Ukrain op russeschen Terrain

RTL Lëtzebuerg
Russeschen Informatiounen no goufen eng 500 ukrainesch Dronen ofgefaangen.
© AFP PHOTO / PRESS SERVICE OF THE 93RD KHOLODNYI YAR SEPARATE MECHANIZED BRIGADE / IRYNA RYBAKOVA

Russland huet an der Nuecht op e Sonndeg eegenen Aussoen no iwwer 500 ukrainesch Dronen ofgefaangen. Sollt déi Zuel stëmmen, géif dat op e groussen Ugrëff vun der Ukrain hindeiten. D'Ukrain huet déi lescht Woche schonn ëmmer méi Territoiren a Russland ugegraff, och méi wäit hannert der Grenz.

Dem Gouverneur vu Moskau no wieren dräi Mënschen an der Regioun ëm déi russesch Haaptstad gestuerwen an Haiser a Wunnengen beschiedegt ginn. De Buergermeeschter vu Moskau schwätzt vun op d'mannst 12 Blesséierten. De Gros wier an der Géigend vun enger Pëtrolsraffinerie gewiescht, déi vun den Ukrainer ugegraff gouf.

Och de Fluchtrafick zu Moskau war wéinst der Dronegefor zäitweileg ënnerbrach. Russland hat d'Ukrain Mëtt der Woch no enger ganz kuerzer Waffepaus, wéi et heescht, sou schlëmm ugegraff wéi nach ni virdrun a 24 Mënschen ëmbruecht.

Back to Top
CIM LOGO