
Hien ass réischt virun e puer Deeg als Gesondheetsminister zréckgetrueden an e Freideg huet de Labour-Politiker Wes Streeting annoncéiert, datt hie géint de Premier Keir Starmer untriede wëll, fir deen un der Spëtzt vun der Partei ofzeléisen.
Domadder positionéiert sech den Ex-Minister och géint de Buergermeeschter vu Manchester Andy Burnham, deen an den nächste Wochen de Sprong an d'Parlament packe wëll an elo schonn als neie Parteichef a Premier gehandelt gëtt. De brittesche Regierungschef Keir Starmer ass no enger ekrasanter Defaite bei de Regional- a Gemengewalen staark ugeschloen, schléisst awer nach ëmmer e Récktrëtt aus.