
No engem Feier an der Tour OXY op der Place De Brouckère zu Bréissel wieren d'Läiche vun e puer Persounen an engem Lift fonnt ginn. Dat schreift dat belscht Medium "Le Soir" op sengem Internetsite, ouni allerdéngs eng genee Zuel un Doudesaffer ze nennen.
Der Inspektioun vun der Aarbechtssécherheet no wier d'Feier kuerz virun 8 Auer en Dënschdegmoien ausgebrach.
Sechs Persoune ginn aktuell nach vermësst. Si kéinte sech an engem anere Lift befannen, zu deem d'Pompjeeë bis ewell nach keen Zougang hätten, heescht et vum Bréisseler Parquet.
Zwou Persoune goufen nom Feier mat Verbrennungen hospitaliséiert. Eng drëtt gouf wéinst Iwwerhëtzung op der Plaz behandelt.
En Dënschdegmoie war um zweete Stack vun der Tour OXY zu Bréissel e Feier ausgebrach. Dëst konnt gelächt ginn, ma d'Flamen haten op de Schacht vun de Lifter iwwergegraff, wouduerch et zu engem Feier an dëse koum. Och dëse Brand ass antëscht geläscht.