Krich an der UkrainNo Geschichtssträit reest de Selenskyj net fir eng Konferenz a Polen

RTL mat AFP
Eng Feierlechkeet fir ukrainesch Nationalisten aus de 1950er Joren huet zu engem Sträit tëscht Kiew a Warschau gefouert.
© DANYLO ANTONIUK/NurPhoto via AFP

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wäert net op eng Konferenz fir den Neesopbau op Danzig an dat haitegt polnescht Gdansk fueren.

Grond dofir ass e Geschichtssträit, deen tëscht Warschau a Kiew eskaléiert ass. Kiew hat u fréier Nationaliste geduecht, déi awer aus polnescher Siicht responsabel fir den Doud vun iwwer 100.000 Pole sinn. Dowéinst hat een a Polen dës Zeremonie guer net gutt opgeholl. Fir vill Ukrainer awer sinn dës Nationalisten déi Leit, déi bis 1950 géint d'Sowjetunioun gekämpft hunn, och wa vill Membere vun hinne virdrun um Holocaust deelgeholl hunn.

Déi ukrainesch Premierministesch Julia Swyrydenko huet zu Kiew matgedeelt, dass si déi ukrainesch Delegatioun wäert leeden. Si huet dobäi och nach eng Kéier betount, datt de President Selenskyj net mat a Polen wäert reesen. Dësen hat jo de Weekend seng Auszeechnung, déi hie vu Polen krut, zeréckgeschéckt. Och déi dräi fréier ukrainesch Presidente Leonid Koutchma, Viktor Louchtchenko a Petro Porochenko hunn dëse Schratt och ënnerholl. Et war eng vun de rare Kéier, datt dës Politiker enger Meenung waren.

Op der Konferenz gi sech esouwuel Vertrieder aus verschiddene Regierunge wéi och Responsabele vu verschidde grousse Firmen erwaart. Et geet drëm zesummen ze kucken, wéi een d'Ukrain nom Krich mat Russland nees kéint opbauen.

Back to Top
CIM LOGO