Intern KreesserVertrieder vun der Taliban-Regierung fir Gespréicher mat der EU zu Bréissel ukomm

RTL mat AFP
Mat den EU-Vertrieder wëll een driwwer diskutéieren, wéi ee Flüchtlingen nees zeréck an den Afghanistan ka schécken.

Eng Delegatioun vun der afghanescher Taliban-Regierung ass zu Bréissel gelant, fir Gespréicher mat der EU-Kommissioun iwwer Expulsiounen ze féieren. Dat huet eng iwwer dëst Treffen informéiert Source der AFP matgedeelt. Den Besuch, deen een Dag soll daueren, koum op Invitatioun vun der EU-Kommissioun zustanen, obwuel Bréissel d'Taliban-Regierung offiziell net unerkennt.

Bei de Gespréicher soll et drëm goen, wéi een irregulär an d'EU agewandert Leit nees an Afghanistan kann zeréckschécke respektiv wéi een et hikritt, ze verhënneren, datt d'Leit iwwerhaapt an Europa kommen. De Besuch suergt fir schaarf Kritik grad bei Vertrieder vun de Mënscherechter.

Nodeem jorelaang westlech Arméien am Afghanistan waren, hunn am August 2021 d'Taliban nees d'Muecht am Land iwwerholl an en sougenannt islamescht Emirat ausgeruff. Zanterhier setze si eng streng Versioun vum Islam mat drakonesche Gesetzer a Strofen duerch.

Ronn 20 EU-Staate ignoréieren dës Zoustänn, fir nees kënne Leit a Richtung Afghanistan ze expulséieren. An Däitschland goufen zanter 2024 schonn iwwer 100 Afghanen an hiert Land zeréckgeschéckt, obwuel och d'Bundesregierung d'Taliban net als rechtméisseg afghanesch Regierung unerkennt.

Back to Top
CIM LOGO