
E Méindeg si bei enger Schéisserei am Bezierk Côte-des-Neiges an der kanadescher Stad Montreal dräi Persounen ëm d'Liewe komm, dorënner en Zivilist, e Polizist an de presuméierten Täter. Géint 11.30 Auer gouf d'Schéisserei bei der Police gemellt, d'Truppen hu sech dunn direkt op d'Plaz vun der Dot gemaach.
Ënnert den Doudesaffer ass niewent engem 34 Joer ale Polizist och wéi gesot en Zivilist, de Michael Mizrahi, deen e prominenten Member vun der jiddescher Communautéit zu Montreal war. Eng Polizistin, déi och beim Asaz dobäi war, gouf iwwerdeems blesséiert.
Wéi et heescht, soll den Täter der sougenannter Incel-Beweegung ugehéiert hunn, also enger Gruppéierung vu meeschtens heterosexuelle Männer, déi onfräiwëlleg sexuell enthalsam, an dowéinst méi oder manner frustréiert sinn an hiren Haass op Fraen dacks mat Gewalt-Fantasie verbannen.
Ënnert anerem befaasst sech d'Police am Moment mat engem ronn 100 Säite laange Manifest, dat vum Täter verfaasst gouf. Hei soll hie säin Haass géigeniwwer Fraen geäussert hunn, wat géif ënnersträichen, dass den Täter effektiv zu der Incel-Beweegung gehéiert huet. De Police-Chef vu Montreal, de Fady Dagher betount a warnt awer, dass et "wichteg ass, mat Rumeure extrem virsiichteg ëmzegoen". Hie schwätzt iwwerdeems vun "enger Tragedie an engem reegelrechten Albdram".
De kanadesche Premier Mark Carney huet op X erkläert, dass hien "entsat" iwwert d'Gewaltdot wier an huet de Polizisten op der Plaz seng Unerkennung ausgeschwat.
PM Carney extends his condolences to the colleagues, friends, and loved ones of those killed in today’s shooting in Montréal - including a police officer and a civilian. He also thanks the first responders and all those working on the ground to ensure the safety of the public.
— Prime Minister of Canada (@CanadianPM) June 23, 2026