Schwammverbuet am "Lac bleu"Zwee 17 Joer al Jugendlecher a Stauséi bei Léck erdronk

AFP, iwwersat vun RTL
Och d'Belsch leit zanter Deeg ënnert den héijen Temperaturen. Zwee Jugendlecher wollte sech an engem Stauséi ofkillen, an deem Schwamme verbueden ass.
© BEATA ZAWRZEL/NurPhoto via AFP

En Dënschdeg sinn zwee Jugendlecher vu 17 Joer beim Schwammen an engem Stauséi am Oste vun der Belsch erdronk, heescht et vum Parquet vu Léck.

D'Ongléck ass am spéiden Nomëtteg geschitt, wéi e Grupp vu fënnef Jugendlechen trotz Schwammverbuet am "Lac bleu", engem Stauséi an engem fréiere Steebroch zu Sprimont, an d'Waasser goung. Zwee vun hinnen hunn et net méi un d'Ufer zréckgepackt.

Eng Enquête soll elo klären, wat genee geschitt ass. Déi dräi aner Jugendlecher stoungen awer ënner Schock a konnten dem Procureur Renaud Xhonneux no en Dënschdeg den Owend nach net als Zeie befrot ginn.

Och d'Belsch leit aktuell zanter Deeg ënner Temperaturen vun iwwer 30 Grad. D'Hëtztwell soll e Freideg hiren Héichpunkt erreeche mat Spëtzewäerter vu bis zu 38 Grad.

Back to Top
CIM LOGO