
“Ongleeflecherweis a glécklecherweis gouf hie lieweg fonnt”, sot déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum op enger Pressekonferenz e Mëttwoch. Wou d’Minn am nordwestleche Bundesstaat Sinaloa de 25. Mäerz an de Koup gefall ass, sinn zwee Biergaarbechter gestuerwen, wärend een anere fënnef Deeg nom Ongléck konnt gerett ginn.
Honnerte Secouristen haten zwou Woche laang Dag an Nuecht geschafft a speziell Geräter agesat, fir bis bei de Mann kommen ze kënnen. De Mineur konnt stabiliséiert a mam Rettungshelikopter an ee Spidol bruecht ginn. Den Autoritéiten no war d’Minn wéinst enger feelerhafter Ofdichtung an e Koup gefall.
Minnen-Accidenter sinn a Mexiko net seelen. Eng Rei Minne ginn illegal oder mat schlechter Ausrëschtung a mangelhafter Sécherheet bedriwwen. Am August 2022 si bei engem Minnenongléck am nërdleche Bundesstaat Coahuila zéng Mineuren ëm d’Liewe komm. Am nämmlechte Bundesstaat sinn 2006 bei enger Explosioun an der Kueleminn Pasta de Conchos 65 Biergaarbechter ëmkomm.