
Duerch d’Kämpf tëscht der israeelescher Arméi an der pro-iranescher Hisbollah-Miliz am Libanon sinn neie libaneseschen Zuelen no zanter Ufank Mäerz 2.454 Mënschen ëm d’Liewe komm. 7.658 weiderer goufe blesséiert, esou de Katastropheschutz vun den zoustännegen Autoritéiten.
E Freideg war eng Wafferou vun zéng Deeg a Kraaft getrueden. An awer kënnt et ëmmer nees vu béide Säiten zu Attacken. De Libanon war Ufank Mäerz an den Iran-Krich mat eragezu ginn. Deemools hat d’Hisbollah als Reaktioun op den Doud vum ieweschten iranesche Führer Ayatollah Ali Chamenei Rakéiten op Israel geschoss. An der Suitte huet Israel verschidden Ziler am Libanon ugegraff an huet och Buedemtruppen iwwer d’Grenz geschéckt.