
Nordkorea huet seng Capacitéiten, fir Atomwaffen ze produzéieren, “ganz däitlech gesteigert”, schätzt déi International Atomenergieagence IAEA. Bei hire reegelméissegen Aschätzungen hätt seng Organisatioun eng “séier Hausse vun den Aktivitéiten” um Atomreakter Yongyon festgestallt, sot den IAEA-Chef Rafael Grossi e Mëttwoch bei enger Visitt zu Seoul. Dëst géing op eng “ganz däitlech Hausse” vun de Capacitéite fir d’Produktioun vun Atomwaffen hiweisen.
Nordkorea huet Experten no Dosenden nuklear Sprengkäpp an huet an der Vergaangenheet ëmmer nees betount, dës trotz internationale Sanktiounen ze halen. 2006 huet Pjöngjang säin éischten Atomtest gemaach. D’Land, dat international gréisstendeels isoléiert ass, argumentéiert, datt et Atomwaffen als Ofschreckung géint eng presuméiert militäresch Menace duerch d’USA a Staate wéi Südkorea, déi mat Amerika alliéiert sinn, bräicht.