MünchenDäitsch Police verhaft Koppel wéinst Verdacht vu Spionage fir China

AFP, iwwersat vun RTL
Déi bestuete Koppel hätt "wëssenschaftlech Informatiounen iwwer Technologien, déi militäresch Applikatiounen huet" gesammelt.
© afp

Enquêteuren hunn e Mëttwoch zu München eng bestuete Koppel festgeholl. Wéi den däitsche Procureur général zu Karlsruhe an deem Zesummenhang matdeelt, géife béid Persoune verdächtegt ginn, fir China spionéiert ze hunn.

Si sollen an de Beräicher vun der Loft- a Raumfaart a vun der Kënschtlecher Intelligenz "wëssenschaftlech Informatiounen iwwer Technologien, déi militäresch Applikatiounen huet" gesammelt hunn.

Et wiere Perquisitiounen an der Wunneng an op den Aarbechtsplaze vun deenen Zwee gemaach ginn. Béid Persounen hätten déi däitsch Nationalitéit.

Back to Top
CIM LOGO